Vum 1. Oktober unNei Klimabonus-Subsiden

Annick Goerens
"Eng pragmatesch Klimapolitik mat Ureizer, déi de Leit Loscht maache matzemaachen." Déi huet de Premier Luc Frieden ugekënnegt.
Vum 1. Oktober un: Nei Klimabonus-Subsiden
“Eng pragmatesch Klimapolitik mat Ureizer, déi de Leit Loscht maache matzemaachen.” Déi huet de Premier Luc Frieden ugekënnegt.

Vum 1. Oktober u gëllt elo een neie Klimabonus-Regime. Et wéilt ee méi sozial Gerechtegkeet an dofir hätt een d’Krittären, fir Suen ze kréien, anescht an och méi ekologesch gestaffelt. Dat souwuel am Beräich Wunne wéi och an der Mobilitéit. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet e Freideg op enger Pressekonferenz weider Detailer ginn.

Klimabonus Subsiden / Reportage: Annick Goerens

Zum Beispill ginn et an Zukunft fir déck elektresch Autoen, déi vill verbrauchen, keng Primme méi an et muss ee säin neien elektreschen Auto dann och e Minimum vun 3 Joer halen. Donieft gëtt et och een neie Subsid an zwar fir elektresch Occasiounsautoen, erkläert de Serge Wilmes.

“Et ass een Auto, dee muss hei zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. E muss och fir d’éischt schonn emol 3 Joer um Marché gewiescht sinn, fir kënne verkaaft ze ginn. Da muss een en duerno och 2 Joer halen, fir kënnen d’Primme vun 1.500 Euro ze kréien. Wann een den Auto net 2 Joer laang hält, da misst een d’Primme zeréck bezuelen.”


D’Klimabonus-Primme si bis ewell ganz gutt bei de Leit ukomm, erkläert den David Glod, Directeur adjoint vun der Ëmweltverwaltung.

“Dat, wat am Moment d’Leit ganz staark interesséiert, ass alles, wat technesch Installatiounen ugeet, also vu Wäermepompele bis Photovoltaikanlagen. D’lescht Joer si bal duebel souvill Demanden erakomm wéi dat Joer virdrun. A wat een elo gesäit, ass, dass duerch den Ukrain-Krich an duerch d’Gas-Knappheet e Bewosstsinn entstanen ass, dass mer ofhängeg si vu fossille Brennstoffer an dass d’Leit méi interesséiert sinn, fir an CO2-neutral Technologien z’investéieren.”


Et hätt ee gesinn, dass d’Präisser fir elektresch Autoen an och fir Photovoltaik-Anlagen erofginn an dofir hätt een d’Decisioun geholl, fir och d’Subsiden z’adaptéieren. An Zukunft soll de Primme-System dann och fonctionéiere wéi den Tiers payant, erkläert den Ëmweltminister.

“Mir schaffen dann och am Ekonomiesministère un engem Projet vu Pre-Finanzéierung vu Subsiden. Den éischte wäert warscheinlech am Hierscht agefouert gi bei Photovoltaikanlagen. Sou dass den, den eng Demande mécht, just nach muss dat bezuelen, wat iwwereg bleift.”

Et géing een hoffen, dass doduerch dann nach méi Leit motivéiert wieren, fir ëmzeklammen oder ze renovéieren, sou de Serge Wilmes.

Dat ganzt Schreiwes vum Ëmweltministère an d’Presentatioun zu de Subside fannt Dir um Site vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO