
De Finanzminister Gilles Roth wäert e Mëttwoch mam Staatsbudget fir 2025 zousätzlech Mesuren annoncéieren, fir de Verkaf vu Vefaen unzekuerbelen, also Wunnengen, déi nei gebaut ginn. D’Mesuren, déi d’Regierung bis elo geholl huet, hätten “an aller Bescheidenheet” dozou gefouert, datt méi bestoend Wunnenge verkaf gi wäre wéi 2023, esou de Gilles Roth.
Mä: “Da gesäit een och, datt nach e klenge Probleem ass um Niveau vun de Vefaen, dat heescht den Neibauten, a mir kucken dann zousätzlech zu deene provisoresche Moossnamen, déi bis d’Enn vum Joer gëllen, datt mer muer nach eng Annonce maachen, wéi ee kann notamment de Marché vun de Vefaen zousätzlech stimuléieren.”
Och dës Mesure oder Mesurë wäerten zäitlech begrenzt sinn, esou de Finanzminister. Hien huet fir e Mëttwoch och Annoncë bei den Accisen ugedeit: “Datt d’Zigaretten an de Bensinn géife méi bëlleg ginn, dat kéint ech à ce stade, mengen ech, ausschléissen. Muer kritt der do méi Detailer.”
D’Regierung géif sech un de Pnec, den nationalen Ëmwelt- a Klimaplang halen, deen ënnert der viregter Regierung festgeluecht gouf, esou de Gilles Roth. Hien hätt och der Chamber hire Message a Saachen Tubak a Gesondheetspolitik héieren.
Recetten
De Gilles Roth huet en Dënschdeg de Moien den zoustännege Chamberkommissiounen d’Situatioun vun de Staatsfinanzen op den 30. September matgedeelt. D’Recettë sinn op deen Datum am Verglach zu 2023 ëm 14 Prozent geklommen – wat haaptsächlech doru läit, datt d’Cargolux hir Steieren aus de fir si wirtschaftlech gudde Covid-Jore bezuelt huet.
Depensen
D’Depensë sinn an den éischten néng Méint am Verglach mam Virjoer ëm siwe Prozent geklommen. De Finanzminister schwätzt dowéinst vun engem positive “Schéiereffekt”, duerch deen den Defizit am Verglach mam Budget géing zréck goen. “Et geet biergop, mee mir si nach net iwwert de Bierg”, esou de Gilles Roth.
