Verlaf, Impakt, GestiounNei Nott vun der Chamber resuméiert Haapterkenntnisser aus der Corona-Pandemie

Pit Everling
D'Cellule scientifique vun der Chamber huet eng Note de Recherche publizéiert, an där Etuden, Analysen a Rapporten zu der Pandemie zesummegefaasst ginn.
© AFP

Eegen Evaluatiounen a Recommandatioune maachen d‘Auteure bewosst net. Ma dës Zort Resumé kéint nawell en vue vun enger zukünfteger Legislatioun fir d‘Gestioun vu sanitäre Krisen als informatiounsbasis déngen.

Note de Recherche: E Reportage vum Pit Everling

D‘Nott, déi vun der Maude Pauly an dem Christian Penny verfaasst gouf, soll en Iwwerbléck iwwert de Verlaf vun der Corona-Pandemie verschafen. Beschriwwe ginn den Ufank, d‘Phasen, déi verschidden Niveaue vun der Gestioun oder nach d‘Haaptconclusiounen aus aneren Dokumenter. Sou wieren et beispillsweis am Ufank immens vill Incertitudë ginn, wéi d‘Iwwerdroungsweeër.

A punkto Fonctionement vun den Institutioune wier nom Etat de crise d‘Roll vun der Chamber gestäerkt ginn. Et goufen 365 legislativ Dossieren, 1222 parlamentaresch Froen an 89 Petitiounen zum Thema Covid.

Bei de Mesuren hätten zum Beispill de Contact Tracing an de Large Scale Testing d‘Erkenntnis bruecht, datt net 80% vun de Fäll asymptomatesch wieren, mä just 30%.

Well de Lëtzebuerger Kontext kleng a stabil ass, hätte Moossnamen ausserdeem méi effikass kënnen en Place gesat ginn ewéi anerwäerts. De Suivi vun eventuellen Impfschied hätt bis elo gewisen, datt d‘Riske, wéinst Covid hospitaliséiert ze ginn oder ze stierwen, bedeitend méi grouss sinn, ewéi Risken déi a Verbindung mam Vaccin stinn. Eng Impfflicht wier net komm, ënner anerem well dës ganz vill Froen opgeworf hätt.

D‘sanitär Situatioun hätt Inegalitéite mat sech bruecht. Esou gouf eng Korrelatioun festgestallt, tëschent dem Niveau vum Revenu an dem Infektiounstaux. Generell gesinn, hätt déi mental Gesondheet an der Pandemie gelidden.

Um Niveau vum Aarbechtsmaart hätte Mechanismen erlaabt, datt nom Confinement eng séier Reprise méiglech gewiescht wier. De finanziellen an ekonomeschen Impakt wier besonnesch am Privatsecteur ze spiere gewiescht, zum Beispill am Horeca-Beräich. Méi ewéi d‘Hallschent vun de Salariéen hunn 2020 op Teletravail zeréckgegraff. Enn 2021 waren et nach 38%.

2020 gouf iwwerdeems eng temporär Surmortalitéit festgestallt. Kanner hunn iwwerdeems keng gréisser Roll bei den Infektioune gespillt.

Generell gesi kéinten an Zukunft d‘Bierger méi an d’Ausschaffe vun de Mesurë mat agebonne ginn.

Ënner anerem all dës Constate ginn an der Nott festgehalen. De fréiere gréngen Deputéierte François Bausch hat dës gefrot. Dat ganzt Dokument mat alle Referenzen fënnt een um Site vun der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO