Mëtt Mee ugehollNei Partei "Fokus." publizéiert hire Grondsaz-Programm

RTL Lëtzebuerg
Um éischte Grënnungs- an Nationalkongress Mëtt Mee gouf de Grondsazprogramm vun der Partei ugeholl, elo ass en och Online accessibel.
Archivfoto.
Archivfoto.

Am Grondsazprogramm heescht et, d’Partei wéilt all de Bierger déi sech vun “demokrateschen, liberalen, sozialen a reformorientéierte Wäerter” ugeschwat fillen, eng Plattform ginn.

De Programm ënnerdeelt sech an aacht Thematiken, zu deenen d’Partei hir Iddien opzielt. Ënnert anerem wier ee vir méi “biergerlechen Engagement” an “eng nei Steierlandschaft”, heescht et do. Spëtzekandidat vun der neier Partei ass de fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel.

Back to Top
CIM LOGO