Hightech-Glas vu GréiwemaacherNei Produktiounslinn vu Webasto gouf ageweit

RTL Lëtzebuerg
Op der neier Produktiounslinn zu Gréiwemaacher ginn Hightech-Glas-Diecher fir d'Automobilindustrie produzéiert.
© Webasto

Déi offiziell Ouverture war den 21. September, dat a Presenz vun ënner anerem de Ministere Lex Delles a Léon Gloden. D’Wierk besteet zanter 1992 an ass zanter 2022 Deel vum Webasto-Grupp.

Vu lénks no riets: Heike Niehues, Executive Vice President Fixed panoramic roofs. Marc Lentz, Président du SIAEG et bourgmestre de la commune de Biwer. Lex Delles, ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme. Jan Henning Mehlfeldt, Member of the Management Board Webasto. Léon Gloden, ministre des Affaires intérieures. Axel Berning, Managing Director Webasto Luxembourg.

© OLIVIER MINAIRE PHOTOGRAPHY

Duerch den Invest an de Standuert ginn iwwer 60 nei Aarbechtsplaze geschaaft. D’Produktiounsfläch gëtt duerch d’Erweiderung ëm 13.000m2 vergréissert. En zentraalt Element vum Invest ass d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag vum Daach, dat mat enger Leeschtung vu 4,5 Megawatt-Peak. Hei gi pro Joer ronn 3,95 Gigawattstonne Stroum produzéiert. D’Anlag ass sou grouss wéi 3 Futtballsterrainen an hëlleft massiv bei der Reduzéierung vum Stroumverbrauch.

© Webasto

Et hätt een elo eng vun de modernste Produktiounslinne fir Hightech-Glas op der Welt, woumat ee seng Innovatiounskraaft am Beräich Daachsystemer weider ausbaut, esou de Jan Henning Mehfeldt vu Webasto. No just 2 Joer wier een elo zu Gréiwemaacher optimal opgestallt, fir der wuessender Demande no Daachsystemer mat Hightech-Glas an der Automobilindustrie nozekommen.

© Webasto

Back to Top
CIM LOGO