
Wéi den Äerzbistum matdeelt, fält vun dësem Weekend d'Umeldeflicht fir Leit, déi wëllen an d'Mass goen, ewech.
Et ass awer de Responsabele vun de Paren iwwerlooss, fir selwer ze decidéieren, ob sech nach soll weider ugemellt gi fir e Gottesdéngscht oder net. Eng Flicht besteet awer net méi.
Och d'maximal Zuel vun nëmmen 20 Leit, déi bei engem Begriefnes hunn dierften dobäi sinn, fält ewech.
Et dierfen also nees Begriefnes-Massen a Bäisetzungen um Kierfecht zelebréiert ginn - dat ouni Limitatioun vun der Zuel vu Familljememberen, respektiv aneren Trauergäscht.
Och Prozessioune sinn nees erlaabt - natierlech mat den néidegen Distanz- a Masken-Reegelen.
Wéi et vum Bistum heescht, kéint eng Prozessioun awer och duerch eng Mass - zum Beispill dobaussen - ersat ginn.
Och d'Chéier dierfen nees Masse sangen, woubäi all Sänger muss eng Sëtzplaz hunn.
Et gëllen natierlech awer och fir d'Sänger d'Masken- an Distanzreegelen, och d'Taste vun den Uergele mussen desinfizéiert ginn. Gesangsbicher dierfen net benotzt ginn.
Och d'Prouwe vun engem Chouer sinn nees méiglech, woubäi an de Säll mussen déi néideg Sëtzplaze sinn an en Ofstand vun 2 Meter tëscht de Still muss assuréiert ginn.
Den Dirigent an d'Chouer-Memberen dierfe wärend dem Prouwen iwwerdeem stoen, d'Sänger si gebieden, net engem Anere riicht an d'Gesiicht ze sangen.
