An der Schwäiz studéierenNei Reegele maachen et Lëtzebuerger Studente schwéier sech unzemellen

RTL Lëtzebuerg
Wann ee wëll an der Schwäiz studéieren, ass dat net esou einfach. Vun dësem Joer u ginn et nei Reegele bei der Umeldung, déi vun Uni zu Uni anescht sinn.

Fir op verschidden Unien an der Schwäiz ze studéieren, brauch een als Auslänner en Zertifikat. Déi muss vun enger Uni aus deem Land ausgestallt ginn, wou ee säin Lycéesofschloss gemaach huet. Zu Lëtzebuerg wier dat also d’Uni.lu.

"Normalerweis freet een d'Uni.lu: Gëtt dat och op der Uni.lu studéiert? Wa jo, da kriss de en Zertifikat, deen dat eben beseet", sou den Egan Paquay, Student zu St. Gallen.

Heiansdo geet dat allerdéngs net duer. Wann een zum Beispill zu Lëtzebuerg säin Lycéesofschloss gemaach huet, muss ee sech da souguer op der Uni.lu umellen an och ugeholl ginn. De Problem läit hei zemools bei deene Studiegäng, déi zwar an der Schwäiz ugebuede ginn, awer net zu Lëtzebuerg.

Dës Mesure gëllt allerdéngs z.B net fir d’Uni zu Zürech, wou mat déi meeschte Lëtzebuerger Studenten ageschriwwen sinn. Heescht et vun engem Vertrieder vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. (LSZ)

"Den Zougang an d'Schwäiz, fir alles, wat esou bësse méi speziell Studie sinn, ass am Fong vill méi begrenzt. Wann een Theologie oder zum Beispill och Chimie studéiere wéilt, ass dat an der Schwäiz mëttlerweil net méi méiglech", sou nach den Egan Paquay.

D’Unien vun Lausanne an Zürech bidden z.B. Studiegäng a Chimie an Chimie-ingénierie un, präziséiert de Vertrieder vun der LSZ. Fir weider Froen iwwert Studien an der Schwäiz kënnt der Iech gären un d’Association des cercles d’étudiants luxembourgeois (Acel) wenden(contact@acel.lu), respektiv un d‘Lëtzebuerger Studenten zu Zürech (comite@lsz.lu)

D'Unie kënne fräi decidéieren, wéi si an deem Fall virginn. Deemno wéi, kann een och eng Ergänzungsprüfung maachen.

"Wou ech net ganzt gecheckt hunn, wou mer och kee richteg erkläert huet, dat ass, wann een zum Beispill Psychologie wëll studéieren. Dat kann ee jo och op der Uni.lu studéieren. Wann een elo op der Uni.lu net ugeholl gëtt, ob een dann trotzdeem déi Ergänzungsprüfung ka maachen", freet sech den Andrea Domingues, Student zu Fribourg.

Et ass also nach villes onkloer.

Op Nofro bei der Uni St Gallen goufe mir op d'Websäit swissuniversities.ch weiderverwisen. Vun der Uni Fribourg gouf et keng Réckmeldung. D'Uni.lu huet reagéiert an ausgesot, dass si effektiv déi Zertifikater géifen ausstellen, mä eng richteg Äntwert krute mir vu kengem.

Den Egan Paquay probéiert awer déi jonk Leit ze rassuréieren, déi an d’Schwäiz wëlle studéieren goen.

"Et kéint villäicht d’Leit e bëssi ofschrecken, mä mir wëllen do versécheren, Nee, et ass nach wie vor nach ëmmer gutt méiglech, an d’Schwäiz studéieren ze goen".

Back to Top
CIM LOGO