
De Plaidoyer politique – d’Lobbyaarbecht am Déngscht vun deenen Aarmen - ass eng vun den Aktivitéiten, déi d’Nofollger-Organisatioun HUT net vun der Caritas iwwerholl huet. Doduerch war e Lach entstanen, huet d’Fedas fonnt. Ma den neie Plaidoyer soll iwwert dat eraus goen, wat d’Caritas virdru gemaach huet.
Déi nei Unitéit soll méi Beräicher ofdecken, wéi de Generalsekretär vun der Fedas, Thomas Lentz erkläert:
“Mir wäerten e Plaidoyer social maachen, fir de ganze soziale Secteur. Dat heescht, net nëmme spezifesch Elementer wéi zum Beispill Aarmut oder Kanneraarmut. Mee eise Plaidoyer wäert och Sujeten touchéiere wéi Problematiken am Handicapsberäich a Foyersberäich etc.”
De Plaidoyer soll also thematesch méi breet gefächert sinn an d’Vue vun der Federatioun refletéieren, also éischter där vun engem Employeur, wéi där vun de Leit, déi d’Hëllef kréien. Et wier net esou, wéi wann d’Fedas virdru guer keng politesch Aarbecht gemaach hätt. Mee se huet dat manner no bausse gedroen, esou den Thomas Lentz.
“Elo kënnt dee Volet dobäi, datt e méi visibel soll ginn. Och fir Populatioun an och fir d’Ministèren respektiv och en Drock vu baussen opbauen.”
Domat ass ënnert anerem Drock op d’Politik gemengt. Dowéinst kënnt de Finanzement net vun der Regierung.
”Dat wär och eng gewëss komesch Konstellatioun, datt de Staat enger Fedas géif eng Konventioun ginn, fir Leit ze bezuelen, déi am Fong sollen eng kritesch Stëmm an eng neutral kritesch Stëmm sollen duerstellen.”
D’Fedas wäert zwee nei Mataarbechter oder Mataarbechterinne rekrutéieren.
“Déi Käschten, déi do entstinn wäerten iwwert eng nei Strukturatioun vun der Cotisatioun vun der Fedas bezuelt ginn.”
D’Carole Reckinger, d’Gesiicht vum Plaidoyer politique vun der Caritas, wäert net Deel vun där Ekipp sinn. Si huet antëscht anzwousch anescht e neien Aarbechtskontrakt ënnerschriwwen.