Formatioun soll wichtegt Element sinnNeie Kollektivvertrag am Bankesecteur leeft bis 2026

RTL Lëtzebuerg
Den neie Kollektivvertrag am Bankesecteur steet. D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an Aleba si sech mat der Banken- a Bankiersassociatioun ABBL eens ginn.
Symbolbild
Symbolbild
© pexels.com / Alena Darmel

E wichtegt Element wier d’Formatioun, heescht et an engem gemeinsame Communiqué. D’Budgetsenveloppe geet fir déi nächst 3 Joer ëm 10 % an d’Luucht. Et kënnt e minimale Budget fir Formatiounen an all Mataarbechter, deen ënnert de Kollektivvertrag fält, muss all Joer op d’mannst 16 Stonne Weiderbildung maachen. An dësen Zäite wieren nämlech ëmmer nei Kompetenze gefuerdert. All Salarié kritt dat anert Joer am Januar dann eng eemoleg Primm vu 500 Euro. Ausserdeem geet déi sougenannt Fidelitéitsprimm erop.

Den neie Kollektivvertrag geet bis 2026.

Back to Top
CIM LOGO