AssurancësecteurNeie Kollektivvertrag bis 2026 gouf ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Dorënner sinn ënner anerem verschidde Primme festgehalen an och manner Formatiounen, fir gewësse Primmen ze kréien.

“En neit Kapitel fir d’Leit, déi am Assurancësecteur schaffen”. Esou iwwerschreiwen d’Gewerkschaften Aleba, OGBL an LCGB de Kollektivvertrag, dee mat der ACA bis 2026 ofgeschloss gouf.

Sou ginn et iwwert déi nächst 3 Joer direkt zwou Primme fir d’Leit, déi bei Assurancë schaffen, dorënner d’Attraktivitéitsprimm an Héicht vun 1.300 Euro.

Donieft ginn ënner anerem d’Stonne vun der Formatioun erofgesat, déi ee muss hunn, fir d’Perfektiounssprimm ze kréien.

PDF: D'Schreiwes vun de Gewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO