
De Vertrag gesäit haaptsächlech eng Primm um Enn vum Joer vir, déi bis zu 105% vum Salaire kann duerstellen. Dës Primm ass awer dorunner gebonnen, ob de Salarié net vill gefeelt huet an och keen Avertissement krut.
Donieft ginn et och zousätzlech Congésdeeg, déi a Relatioun domat stinn, wéi laang ee scho bei Delhaize schafft an d'Sonndesstonne ginn elo zu 90% majoréiert.
Hei am Land schaffe 590 Leit bei Delhaize.