
Trotz schwieregem allgemenge Kontext hätt een an engem rouegen a konstruktive Klima en Accord fonnt, sou d’Gewerkschaften. Ënnert anerem ginn d’Salairë linear an d’Luucht fir all d’Salariéen an et gëtt e Regime agefouert, fir den Droit à la déconnexion z’assuréieren.