
Ënner anerem sinn Adaptatioune bei de Grillë vun de Salaire virgesinn, souwuel bei de Pilote wéi och beim Kabinnen- a Buedempersonal.
Avancementer am Barème, déi wärend der Pandemie op Äis geluecht gi waren, gi rëm agefouert. Derbäi komme Mesuren, déi et méiglech maache sollen, d’Beruffs- a Privatliewe besser mateneen ze kombinéieren. An der Konventioun steet och, datt de Sozialdialog am Betrib soll verbessert ginn.
Virun engem Mount war nach Rieds gaange vun engem Echec bei den Negociatiounen a vun enger Conciliatioun.
Elo gouf dann eng Léisung bei der Luxair fonnt. De Kollektivvertrag leeft bis 2027 a betrëfft 2.000 Leit.