LU-AlertNeie Warn- an Informatiounssystem

Annick Goerens
Bei engem Bëschbrand, extrem héijen Néierschléi mat Iwwerschwemmungen oder esouguer engem Tornado muss et ganz séier goen, fir d’Populatioun ze warnen.
LU-Alert: Neie Warn- an Informatiounssystem
Bei engem Bëschbrand, extrem héijen Néierschléi mat Iwwerschwemmungen oder esouguer engem Tornado muss et ganz séier goen, fir d’Populatioun ze warnen.

Dofir gouf déi lescht Joren un engem neie Warn- an Informatiounssystem geschafft. Den LU-Alert leeft ënnert dem Motto “Early Warning – Early Action” a gouf den Donneschdeg de Moie vum Inneminister Léon Gloden presentéiert.

LU-Alert/Reportage Annick Goerens

Vu giel bis mof: verschidde Warnstufen

Et gi verschidde Warn-Niveaue vu giel op rout an och verschidde Kanäl, fir d’Leit z’erreechen. Giel heescht: niddrege Risiko, also dass d’Situatioun nach net esou schlëmm ass. Orange ass e mëttel-héije Risiko. A Rout ass natierlech een héije Risiko wéi zum Beispill beim Héichwaasser 2021. Nei ass och ee mofen Niveau, dat heescht “Danger imminent”. Do géing een dann och direkt eng Aktioun vun der Populatioun erwaarden. Zum Beispill Austriede vu gëftege Gase mam Opruff, dass d’Leit da sollen hir Fënsteren zoumaachen.

De gréngen Niveau ass ee rengen Informatiounsmessage, wou also keng direkt Gefor besteet, mee einfach eng Informatioun, wéi zum Beispill, dass e bestëmmte Produit zeréckgeruff gëtt.

© MAINT

Jee no Risiko-Stuf gëtt een anescht kontaktéiert

Fir déi verschidde Warn-Niveaue ginn och verschidde Kanäl benotzt, fir un d’Leit ze kommen. Fir déi rout an orange Risiko-Stuf kënnen zum Beispill SMSe verschéckt ginn.

De Cell-Broadcast ass am Fong keng nei Technologie, mee fir de Grand-Duché trotzdeem nei. Et ass e Message, deen direkt op den Handy verschéckt gëtt, awer net via SMS, mee well den Handy an enger bestëmmter geographescher Zon läit. Den Handy mécht dann einfach haart Kaméidi (och wann en op silencieux ass), vibréiert an d’Täscheluucht fänk u mat Blénken, esou dass et relativ evident ass, dass een eppes maache muss, erkläert d’Christine Bastian vun der Direction générale de la securité civile. De Cell-Broadcast kann een allerdéngs just kréien, wann een e Smartphone huet, deen och à jour ass.

Déi meescht hätten natierlech hautdesdaags e Smartphone, mee natierlech wéilt een och déi Leit erreechen, déi vläicht manner digital ënnerwee sinn. Nieft de Sireene géing een am Fall, wou et wierklech misst sinn, natierlech och nach ëmmer mat Pompjees- a Policeautoe mat Sireenen a Megafon duerch d’Dierfer fueren, erkläert de Generaldirekter vun der Securité civile am Inneministère, den Alain Becker. Donieft wier et och net verbueden, wann d’Noperen eeler Leit sinn, einfach emol klappen ze goen an ze froen, ob d’Leit Bescheed wëssen.

Weider Testphas geplangt

De System ass op verschidde Sproochen a gëtt wéi gesot en Donneschdeg lancéiert. Et wäert ee mat enger Test-Strategie virufueren. Dat heescht all éischte Méindeg am Mount wäert den LU-Alert getest ginn, erkläert den Inneminister Léon Gloden. Entweder iwwer d’SMS oder d’APP. An d’Sireenen, déi mer kennen, wäerten och weiderhi getest ginn. De System wier nämlech net fäerdeg. Et géing ee weiderhin op de Feedback vun de Leit setzen.
Den Inneministère wäert natierlech och eng grouss Publicitéitscampagne maachen an d’Gemenge kruten och eng Circulaire, fir hir Bierger z’informéieren.

© Annick Goerens

LINK: Presentatioun vum Ministère

PDF:

Back to Top
CIM LOGO