Lëtzebuerger SproochNeien Internetsite fir LOD.lu

RTL Lëtzebuerg
"Fuschnei" ass e Méindeg op LOD.lu d'Wuert vum Dag. Keen Zoufall, well den Online-Dictionnaire huet op deem Dag säin neie Site virgestallt.
Neien Internetsite fir LOD.lu
“Fuschnei” ass haut op LOD.lu d’Wuert vum Dag. Keen Zoufall, well den Online Dictionnaire huet virun enger gudder Stonn säin neie Site virgestallt.

Neien Internetsite fir LOD.lu / Rep. Dany Rasqué

Déi 2.700 User, déi de leschten Zuelen no am Duerchschnëtt all Dag um Site ënnerwee sinn, kréien den Inhalt elo besser a méi accessibel presentéiert. D’Ekipp vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, déi sech ëm den LOD.lu këmmert, hat eng laang Lëscht mat Saachen, déi se wollt verbesseren. Ganz uewe stoung d’Funktioun vun enger erweiderter Sich, wéi den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Luc Marteling seet.

“Dat heescht bis elo konnt ee just e Wuert sichen. Elo kann een awer och just mat Buschtawe sichen. Et huet ee Joker-Zeechen, wéi mer dat genannt hunn. Dat heescht, wann ech e Wuert sichen, dat mat engem bestëmmte Buschtaf ufänkt oder ophält, da kann een dat maachen. Oder wann een e Wuert sicht, dat zum Beispill an der Mëtt ‘LOD’ huet oder ‘WL’, da fënnt een dat, wat engem ganz nei Méiglechkeete gëtt, well een e bessert Resultat kritt.”

Fir dat Wuert, dat ee gesicht huet, kritt een d’Iwwersetzung op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch an an deene selwechte Sprooche kann een och sichen, fir d’Wuert op Lëtzebuergesch ze kréien. Et kritt ee Beispiller wéi d’Wuert am Lëtzebuergesche benotzt gëtt, et kann ee lauschtere wéi et ausgeschwat gëtt an et kann ee kucke wéi eng Synonymmer et gëtt.

De Sven Collette, deen Datenanalyst beim Zenter d’fir Lëtzebuerger Sprooch ass, weess och wéi eng Wierder am meeschte gesicht ginn.

“Déi Haaptwierder sinn d’Verben. Zum Beispill ‘hunn, sinn, goen, kucken, maachen’. Mä mir gesinn awer och wéi eng Wierder an Tëschenzäit méi dacks opgeruff gi wéi virdrun. Do hu mer zum Beispill ‘d’viischt Dier’, ‘d’Aarbecht’. Mir kënnen awer och kucke wéi eng Riefzort d’lescht Joer am meeschten opgeruff gouf. Dat war d’lescht Joer de St. Laurent. Esou kënne mer och eng ganz Rei flott Statistiken aus dem LOD erausliesen.”

D’Sichfunktioun ass op deem neie Site zentral, ënnersträicht de Lexikograph Alexandre Ecker, donieft hätt een nach méi dovunner profitéiert, datt een en Internetsite mécht.

“Op engem Site brauch ee keng Plaz ze spueren, anescht wéi an engem Dictionnaire aus Pabeier, wou een d’Daten all zesummendruddelt, well all Säit kascht a weit méi. Dat huet een op engem Site net. Dat heescht, mer hunn nach méi profitéiert vun de Méiglechkeeten, déi déi nei Technologien bidden, fir d’Date méiglechst optimal ze weisen.”

Op engem Internetsite kann een och reegelméisseg Saachen dobäischreiwen a genee dat geschitt op LOD.lu. D’Sprooch entwéckelt sech weider. Dofir gëtt net just permanent un technesche Verbesserungen, mä och um Inhalt geschafft.

Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire kommen am Duerchschnëtt all Mount eng 50 bis 60 nei Wierder bäi.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Fuschnei! E frësche Look an erweidert Funktionalitéite fir den Lëtzebuerger Online Dictionnaire (20.06.2022)
Communiqué par : ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

D’Lëtzebuergescht spillt an eiser villsprocheger Gesellschaft eng wichteg Roll an den Interessi un der lëtzebuerger Sprooch wiisst zënter Joren konstant. All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch: am leschte Joer goufen iwwer 10 Milliounen Artikelen gekuckt, dat ass eng Verdräifachung par Rapport zu 2017.

An de leschte Méint gouf un enger fuschneier Versioun vum Dictionnaire geschafft an den 20. Juni 2022 gouf a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den LOD am frësche Look a mat erweiderte Funktionalitéite presentéiert an fir de Public zougänglech gemaach.

„De immense Succès vum LOD ënnermauert de groussen Interessi um Lëtzebuergeschen als Schrëftsprooch. Mat der neier Versioun gëtt den LOD nach méi accessibel a festegt de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a Literaresch Sprooch”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Eng besser Accessibilitéit mat alle Geräter an nei Funktionalitéiten

Niewent dem ästheeteschen Aspekt gouf den iwwerschaffte Layout och fir mobil Geräter (Handyen an Tablets) optimiséiert.

Iwwer en Navigatiouns-Menü ass et elo zu all Ament méiglech, geziilt op déi verschidden Informatiounen zouzegräifen, déi zu engem Wuert am LOD ze fanne sinn.

Donieft machen nei Funktionalitéiten, déi intuitiv ze benotze sinn, den Inhalt vum LOD nach méi zougänglech: eng erweidert Sich, iwwer déi mat allméigleche Krittäre kann no Wierder gesicht ginn an eng Klassifizéierung vun de Wierder a Kategorien, déi een sech all beienee kann ukucken. All d’Sich-Resultater an all d’Wierder aus enger Kategorie kënnen och kamoud als Lëscht erofgeluede ginn.

Eng verbessert Feelertoleranz an d’Sich no ganzen Ausdréck – a fënnef Sproochen

D’Feelertoleranz bei der Sich ass verbessert ginn an de User kritt elo fir all Recherche méiglechst pertinent Resultater gewisen, och wa beim gesichte Begrëff déi aktuell orthografesch Reegelen net respektéiert goufen. Déi Feelertoleranz gräift och bei de véier Iwwersetzungssproochen Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Zousätzlech goufen gängeg Ausdréck, déi aus méi ewéi engem Wuert bestinn, an den Autocomplete an an d’Sich integréiert.

Mam Bäisetze vu Gebäerdevideoen (a Kollaboratioun mat der Associatioun Hörgeschädigten Beratung SmH, https://hoergeschaedigt.lu) gouf e wichtegen inklusive Schrëtt ënnerholl. Déi Videoe sinn elo regruppéiert a besser mat den entspriechende Sënner verlinkt.

Ausserdeem kann deen neien LOD ëmmer nach ganz an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt ginn.
Den LOD en oppene Produit

D’Date vum LOD kënne geziilt iwwer eng API am JSON-Format ofgeruff a fir all Zwecker gratis genotzt ginn: Léierplattformen, Spiller, Iwwersetzungs- a Schreifhëllefen asw. Esou kënnen och aner linguistesch Toolen stänneg mat deenen aktuellsten Donnéeë vum Dictionnaire gefiddert ginn.
Eng vun de wichtegsten Informatiounsquelle fir den Ausbau vum LOD ass de Feedback an Input vun de Utilisateuren. Iwwer deen neie Site gëtt et weesentlech méi einfach, fir Remarken a Feedback eranzeschécken, déi dann am ZLS kënne berücksichtegt ginn.

All Zort vun Inhalt sief et en Artikel, e Resultat vun enger erweiderter Sich, Wierder aus enger Kategorie, asw. ka vum neie Site aus op de gängege sozialen Netzwierker an iwwer Mail gedeelt ginn.

Eng weider Neierung erwaart d’User nach am Hierscht wou eng LOD-App lancéiert gëtt.

Den LOD an Zuelen – vun 1 bis 10 Milliounen

1 Dictionnaire
5 Iwwersetzungssproochen (DE, FR, EN, PT & Gebäerdesprooch)
2.400 Gebäerdevideoen
5.000 Spréchwierder a Riedewendunge mat Erklärung
9.300 Tabellen (Adjektiven & Verben)
10.000 Synonymmen
20.000 phoneetesch Transkriptiounen (IPA)
30.000 Audioen
31.000 Dictionnaires-Artikelen
35.000 beschriwwe Sënner
48.000 Beispillssätz
130.000 verschidde Wuertformen
170.000 Iwwersetzungen

2021 waren am Duerchschnëtt 2.709 Useren den Dag um Site. Am Ganze goufen 9.670.357 Begrëffer gesicht an 10.235.914 Artikelen opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO