Platzt aus allen NéitNeit Gebai fir d'Dikrecher Bezierksgeriicht ass net z'ëmgoen

Roy Grotz
Am Moment geet d'Regierung mol op de provisoresche Wee vum Lounen.
© RTL Archiv

E neit Gebai fir d’Dikrecher Bezierksgeriicht ass net z’ëmgoen. De Site fir d’Geriichtsbüroe platzt aus allen Néit. Dat seet den Dikrecher Député-maire Charel Weiler.

Mee den Dikrecher Gemengepapp muss sech gedëllegen, d’Regierung geet mol op de provisoresche Wee vum Lounen.

Der Justizministesch no gi beim Dikrecher Geriicht eng 1.000 Quadratmeter Büroe gelount a fir d’Besoine vum Bezierksgeriicht amenagéiert. Vun engem Neibau geet keng Rieds.

Par contre gëtt jo personell opgestockt: sou sollen iwwer déi nächst sechs Joer eng 200 Riichter bäikommen, dovunner sinn ewell am Laf vun den nächsten dräi Joer 17 Leit fir d’Dikrecher Geriicht: 11 Poste fir d’Geriicht, fënnef fir de Parquet an ee Riichter fir d’Friddensgeriicht.

Dat äntwert d’Ministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vum Parteikolleeg Charel Weiler.

Back to Top
CIM LOGO