Weiler zum TuerNeit Haus fir Fraen an Noutsituatioun

Monique Kater
Mësshandelte Fraen a Kanner hëllefen aus akute Liewenskonditiounen erauszekommen a se begleede bis si nees op eegene Féiss kënne stoen.
Fondatioun "Maison de la Porte Ouverte"
Zil vun der Fondatioun ass et, Sozialwunnenge fir mësshandelt Fraen ze besuergen, si awer och ze begleeden bis si nees op eege Féiss stoe kënnen.

Dat ass d’Zil vun der d’Fondatioun “Maison de la Porte Ouverte”. En neie Partner hu si elo mat Weiler zum Tuer fonnt. De Buergermeeschter vun do huet der Fondatioun nämlech déi al Schoul zu Siren zur Verfügung gestallt, an där concernéiert Persoune kënne liewen.

Si hunn dacks Uerges hannert sech, goufe geschloen, mësshandelt, d’Kanner ënner Ëmstänn och …de Partner verloossen, ass eng vun den éischten Etappen. Och hei ass d’Fondatioun aktiv. Mat Siren wier déi zweet Etapp gemengt, déi wou een d’Trennung hannert sech huet, scho stabiliséiert ass, mee wou et eleng dann awer nach net geet.

Eng Wunneng fannen, ass e ganz schwieregen Exercice fir Fraen an esou Situatiounen. Dat hei wier eng ganz wichteg Iwwergangsléisung. D’Fondatioun, dat heescht Info Femme betreit den Ament 58 där Wunnengen mat engem “soziale” Loyer.

Siren ass en éischter klengt a gemittlech Duerf a wier wéi geschaf fir esou e Projet, seet sech de Buergermeeschter an investéiert ronn 800.000 Euro fir den Ëmbau. Hie kritt allerdéngs eng anstänneg Hëllef vum Staat. D’Gemeng Weiler huet 4 Plaze geschaaft fir zwou Fraen an zwee Kanner an engagéiert sech eng éischte Kéier an esou engem soziale Projet.

Esou eng 400 bis 500 Frae betreit d’Fondatioun am Joer. De Besoin un esou Haiser ass also do a vläicht dermadder och e Beispill, un deem ee sech kann inspiréieren.

Back to Top
CIM LOGO