
“Nëmme gutt, dass et Gewerkschafte gëtt! Am anere Fall géifen d’Aarbechtsrecht, allméiglech Congéen, de Schutz vum Mataarbechter an e Recht op Dignitéit am Beruff haut net existéieren,” huet de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft e Mëttwoch den Owend a senger Ried um Nationalkongress zu Walfer ënnerstrach.
Fir Patronatsvertrieder, wéi FEDIL an UEL, wiere sozial Acquisen nämlech iwwerflësseg an nëmme geschäftsschiedegend. Libesbréiwer goufen et deemno keng,
Nee, nawell net. De Raymond Juchem huet ausgedeelt an huet dobäi weder d’Patronat nach d’Gewerkschaftskolleege vun OGBL an LCGB verschount. “Ech hunn es ras-le-bol mat Gewerkschaften, déi näischt maachen. Ech hunn es ras-le-bol mat Gewerkschaftler, déi Ligen iwwert eis erzielen. Ech hunn es ras-le-bol mat Gewerkschaften, déi um Radio egal wat zielen an net respektvoll vis-à-vis vun anere Gewerkschafte sinn. Ech hunn es ras-le-bol mat Patronatsvertrieder vun der UEL, vun der FEDIL, déi sech an Tëschenzäit Saachen erlaben, asozial denken a schwätzen a kee mécht iergendeppes dogéint.”
Besonnesch huet sech de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft dru gestéiert, datt d’Patronat ugangs des Joers e Karenzdag gefuerdert huet, well den Absenteismus ze héich wier a sech duerno um Gehälteraccord gestéiert huet.
“Deen elitäre Grupp vun Arbeitgeber, vun deenen der vill warscheinlech nach ni kierperlech hu misste schaffen, wëll manifestement näischt vu sozialer Gerechtegkeet wëssen an d’Suerge vun de Bierger respektiv déi vun hiren eegene Mataarbechter. A wa bei deenen um Enn vum Mount de Frigo net méi ka gefëllt ginn, dat intresséiert déi meescht vun Hinnen a Wierklechkeet absolut net. Waasser priedegen a Wäi saufen ass beim alldeeglechen Agéiere vun dëse Bonzen éischter de roude Leetfuedem.”

Da goung et nieft villen anere Sujeten, dëst Joer um Kongress vun der Bréifdréieschgewerkschaft, ëm de syndikalistesche Virgänger, d’FSFL, déi no der Bedruchsaffär vun hirem deemolege President opgeléist gouf. Hien hat ëmgerechent 14 Milliounen Euro verontreit a well datt säin Numm elo net méi an der Ëffentlechkeet genannt gëtt.
“RTL gëtt elo als Kiischt um Kuch zu all Kéiers 7.000 Euro Strof verdonnert, wann se den Numm vum Ex-President a Relatioun mam deemolege Finanzskandal ernimmen. Ech froe mech dann, wien déi 7.000 Euro am Fall wou kritt, well hei am Sall sinn dach bestëmmt nach eenzel Leit, déi nach puer Euro vun hiren deemools placéierten Erspuernisser feelen. Och an dësem Fall kënnt ee sech bei esou Urteeler aktuell fir wéi am Donald-Trump-Land a wéi och d’Pippi Langstrumpf scho gesongen huet ‘ich mach mir die Welt so wie sie mir gefällt’ mä u sech ass dëst Urteel net fir ze laachen, mä éischter traureg a respektlos vis-à-vis vun de geprellte Leit.”
Aus deem Grond dierften Schandote vum deemolege President vun der FSFL och net vergiess ginn, esou de Raymond Juchem. E Geriicht hat am Mee 2002 d’Opléise vun der Federatioun gesprach. De Raymond Juchem huet drun erënnert, datt de Finanzskandal vun deemools absolut näischt mat der Bréifdréieschgewerkschaft vun haut ze dinn huet.