250 Euro a véier PunktenNéng Leit zu Esch mam Handy um Steier erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Policekontroll goufen en Dënschdeg de Moien zu Esch néng Automobilisten erausgewénkt, déi mam Handy um Steier erwëscht gi sinn.
© Archiv

Si kruten eng Strof vun 250 Euro a véier Punkten um Permis.

An aacht Fäll ware Leit am Auto iwwerdeems net ugestréckt, wat och 250 Euro Strof a véier Punkte kascht huet. Ee Chauffer gouf ouni gültege Contrôle technique erwëscht an huet missen 145 Euro bezuelen an zwee Punkten ofginn. Een anere konnt keng ülteg Versécherung weisen an ee Chauffer gouf verwarnt, well hie keng Steiervignette konnt weisen (jee 24 Euro).

Fënnef Chauffere kruten iwwerdeems eng Verwarnung, well si ze séier ënnerwee waren an ee Chauffer krut ee Protokoll, well hien trotz Fuerverbuet hannert dem Steier souz.

D’Police deelt ausserdeem mat, datt bei zwou Alkoholkontrollen zu Schëndels a Walfer vu 57 kontrolléierte Chaufferen keen ze vill gedronk hat.

Back to Top
CIM LOGO