Sondage vu QuestNet genuch Efforten, datt sech Senioren net eleng fillen

RTL Lëtzebuerg
Am Januar 2024 huet Quest e Sondage iwwert d'Liewensqualitéit vun de Lëtzebuerger iwwer 65 Joer gemaach. 501 Leit aus dëser Altersgrupp hu matgemaach.
© MATTHIAS BALK / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Allgemeng sinn 9 vun 10 Leit, déi um Sondage deelgeholl hunn, zefridde mat hirem Liewen. Zwee Drëttel fille sech nëtzlech a gutt an d’Gesellschaft integréiert. Weider fillt sech d’Hallschent vun de Seniore respektéiert a valoriséiert.

Wat d’Pensiounen ubelaangt, hunn 8 vun 10 Leit gesot, datt si mat hirer Pensioun zefridde sinn. Wann een nëmmen d’Äntwerte vun de Fraen oder vun deene Leit kuckt, déi net am private Secteur geschafft hunn, sinn d’Resultater awer méi differenzéiert.

E Punkt, deen net esou positiv opfält, ass déi mental Gesondheet. Am Allgemengen hu bal dräi Véierel vun de Participante gesot, datt si zefridde mam Gesondheetssystem am Grand-Duché sinn. Allerdéngs hu ronn 46 Prozent matgedeelt, datt net genuch fir d’Seniore gemaach gëtt, dermat si sech net eleng fillen. Gutt d’Hallschent ass der Meenung, datt déi mental Gesondheet nach ëmmer en Tabuthema ass.

Communiqué vu Quest

Back to Top
CIM LOGO