Verkafen iwwer LetzshopNet Kompensatioune fir de Verloscht, ma eng gewëssen Hëllef

Claudia Kollwelter
Fanny Kinsch
D'Cotisatioune fir de Letzhop.lu sinn dëst Joer ewechgefall. Eng Méiglechkeet also fir Betriber, trotz zouene Geschäfter, fir hir Produiten ze verkafen.
Verkafen iwwer Letzshop
D'Cotisatioune fir de Letzhop.lu sinn dëst Joer ewechgefall. Eng Méiglechkeet also fir Betriber, trotz zouene Geschäfter, fir hir Produiten ze verkafen.

Fir d'Betriber ass d'Corona-Kris natierlech och eng grouss Erausfuerderung. Fir datt de Verkaf, trotz zouene Butteker, nach weider ka funktionéieren, hu sech eng ganz Partie Geschäfter ëmgestallt an sinn op de Wee vum Online-Verkaf gaangen. D'Plattform Letzshop, déi wéinst der Kris fir 2020 keng Sue vun de Geschäfter fir hir Servicer freet, huet grousse Succès an erméiglecht et de Butteker weider um Marché ze bleiwen.

RTL-News: Letzshop boomt: Fir vill Butteker elo déi eenzeg Méiglechkeet, hir Produiten ze verkafen

Corona vs Betriber / Reportage Claudia Kollwelter

Zanter enger gudder Woch ass d'Monique Schmalen vun der Fromagerie Berdorfer amgaangen, hir Produiten iwwert de Letzshop Site ze verkafen. An dat kéim och gutt bei de Clienten un:

"Do bidden ech Packungen un, déi d'Leit kënne bestellen, mat Jughurt, Kéis, Raclettekéis. Mat Këschte mat Kill-Elementer dra verschécken ech et dann vu Méindes bis Mëttwochs, fir datt d'Këschten net am Depot stoe bleiwen."

Et wier zwar keng Kompensatioun zum Verkaf vu virdrun, mä awer eng gewëssen Hëllef. Och d'Denise Wolff vum "Blummegäertchen" zu Iechternach verkeeft hir Blummen via Online Plattform. Dat awer schonn zanter Vältesdag, ma wärend der Kris ass d'Demande awer massiv an d'Luucht gaangen:

"Dës Woch sinn ech bëssen iwwerrascht ginn mat där ganzer Geschicht. Wëll d'Leit ewell all op d'Iddi kommen, fir Blummen ze verschécken. An dofir hunn ech elo zimmlech vill Bestellunge virgëscht erakritt iwwer Letzshop."

Et misst een nach kucken, wéi sech d'Situatioun weider entwéckelt, ma bis ewell wier et och fir de Blummebuttek nëmmen e Brochdeel vun deem, wat ee normalerweis verkeeft. Allgemeng ass d'Demande vu Butteker, déi hir Produiten iwwert d'Internetplattform Letzshop wëlle verkafen, an de leschte Wochen immens geklommen. Et wier awer falsch am aktuelle Kontext vu Chance ze schwätzen, seet de Jerry Klein, Responsabel vum Projet, deen och betount, datt si à la base de Butteker sollen hëllefen, en zousätzlecht Standbeen am E-Commerce opzebauen:

"Mir wëllen jo net, datt d'Leit net méi an Geschäfter ginn, fir anzekafen, ä mir wëllen, datt d'Geschäfter leieren, mam E-Commerce Tool ëmzegoen, well vill online kaf gëtt, och vu Lëtzebuerger Residenten."

Et wier deemno gutt, datt een elo op dëse Wee méi Visibilitéit kritt an d'Leit verstoe géingen, datt se och lokal Geschäfter per Online Commande kënnen ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO