Bannent just 4 StonnenNet manner wéi 10 Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat nawell vill ze dinn um Freideg. Nieft Accidenter tëscht Autoen, huet et och eng Partie Motocyclisten erwëscht.

Bei engem Accident kuerz viru Mëtteg zu Folkendeng gouf et 3 Blesséierter. Zwee Autoe waren heira verwéckelt.

Géint 12.30 Auer huet et och tëscht zwee Autoe gerabbelt, dat zu Waasserbëlleg. Hei war et just ee Blesséierten.

Kuerz virun 13 Auer huet dunn awer ënnert anerem de Samu mussen an den Asaz, dëst um Hareler Potto. Dräi Motorrieder waren hei an en Accident involvéiert a 4 Persoune goufe verwonnt. Ambulanze vu Rammerech, Réiden a Clierf goufen op d’Plaz geruff, grad ewéi d’Pompjeeë vu Wolz a Bauschelt.

Kuerz no 13 Auer huet et dann e weidere Blesséierte ginn, no engem Accident tëscht zwee Autoen zu Schëndels.

Géint 15.45 Auer sinn en Auto an e Motorrad zu Stroossen net laanschtenee komm, dat op der Héicht vum Fräiheetsbam. Hei mellt de CGDIS 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO