
28 Automobilisten hu sech hei net un de Code de la Route gehalen, an hu mussen 250 Euro Strof bezuelen. Dobäi kënnt, dass se 4 Punkten um Fürerschäin ofgezu kréien.
Dernieft hat ee Chauffer keng Steiervignette. Een aneren hat säi Gefier net korrekt ugemellt.
Ee Chauffere war duerch rout gefuer a bei engem weidere souz och nach e Kand net an engem Kannersëtz. Dat huet jeeweils 145 Euro kascht an 2 Punkten.