Vill lass op de StroossenNet manner wéi 5 Blesséierter um Freideg, dovunner 2 Persounen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter waren nawell vill am Asaz zanter e Freideg am spéide Moien.

Géint 11.15 Auer huet et tëscht Capellen an Ollem gerabbelt. Zwee Autoe waren do net laanschtenee komm.

Kuerz virun 11.30 Auer ass zu Rëmeleng op der Place de la Bruyere eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.

E weidere Foussgänger gouf géint 13.15 Auer zu Bartreng op der Areler Strooss ugestouss.

Kuerz no 16 Auer ass tëscht Heeschpelt an Néngsen a Motocyclist mat senger Maschinn gefall.

Géint 16.45 Auer ass tëscht Haassel a Fëlschdref en Accident tëscht 2 Autoe geschitt.

Bei all dësen Accidenter ass jeeweils eng Persoun verwonnt ginn. Wéi uerg, ass am CGDIS-Bulletin net präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO