Brand zu UewerkäerjengNet manner wéi 7 Pompjeeszentere goufen an den Asaz geruff

RTL Lëtzebuerg
Detailer feelen nach, mä e Méindeg den Owend ass e gréissert Feier zu Uewerkäerjeng an der Rue Bommel ausgebrach.

Dat ass d’Adress an der Aktivitéitszon Robert Steichen. En Hangar huet do gebrannt.

Dat Ganzt wier géint 22.20 Auer ugaangen a 7 Asazzentere vun de Pompjeeë wieren dem CGDIS-Bulletin no op der Plaz gewiescht: vu Käerjeng, Péiteng, Suessem-Déifferdeng, Dippech, Koler, vun Esch an aus der Stad. Blesséierter gouf et net.

Back to Top
CIM LOGO