FHLNet nëmmen d’Psychiatere kréien hir Garden net bezuelt

Carine Lemmer
Och eng Rei aner Spezialiste mussen dem Gesetz no permanent fir de Patient disponibel sinn – ouni datt se dofir remuneréiert ginn.

D’Federatioun vun de Lëtzebuerger Spideeler, d’FHL, bedauert dat zanter Joren a fuerdert endlech Beweegung am Dossier.

Suivi Garden - E Reportage vum Carine Lemmer

Mir brauchen eng gutt Spidolsmedezin, seet de President vun der FHL, de Paul Junck. Zanter 2018 gëtt et fir verschidde Spezialisatiounen déi gesetzlech Obligatioun, fir am Spidol ze sinn oder astreinte, dat heescht „abrufbereit“ ze sinn. Dat wier eng gutt Saach, mä et gouf vergiess, wéi dat soll bezuelt ginn, beklot sech de Paul Junck... „Do muss eppes kommen. Do sinn och scho verschidden Avancéeë komm...bei de Maternitéen, do gëtt et eng obligation légale de garde sur place, wou mussen e Gynekolog, en Anästhesist an e Pediater permanentam Spidol sinn. Do ass och scho virun enger Zäit en Accord fonnt ginn, datt fir déi Presenzflicht ronn 96€ d’Stonn bezuelt ginn.”

Fir aner Servicer – d’Intensivmedezin, den Neuro-Vasculaire, wann een zum Beispill en Hiereschlag mécht - muss och en Dokter oder eng Ekipp prett sinn, ouni datt do bis ewell eng Reegelung fonnt gouf...

„Am Moment kréie mer dat nach alles hin, och mam gudde Wëlle vun den Dokteren, déi do sinn, an déi sech fir d’Saach asetzen am Interêt vum Patient. Mä, ech mengen, mir hunn all eng Flicht, fir och ze liwweren. Och de Ministère huet eng Flicht, fir ze liwweren. Do spieren ech awer e Wëllen, do wibbelt et e bëssen. Mir sinn och am Kontakt mam Ministère a wäerten an nächster Zukunft eng Reunioun mam Gesondheetsministère hunn, wou mer ganz konkreet d’Remuneratioun vun de Garden an den Astreinten uschwätzen.

D’Spidolsmedezin muss nämlech attraktiv bleiwen a gestäerkt ginn, fuerdert de Paul Junck. Och wann dat eng Rei Sue géif kaschten.

Kritik u parallel Urgence-Garden
D’Psychiater sinn net averstane mat de parallelle Garden am CHL an um Kierchbierg.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Marc Cloos, Chef vum Pôel médical Psychiatrie an den Hôpitaux Robert Schuman
Vu 7 bis 17 Auer: Parallellen Urgencendéngscht an de Stater Spideeler

Back to Top
CIM LOGO