
An der kathoulescher Kierch ginn aktuell 150 Paschtéier gezielt - 77 manner, wéi 2015. An dës Zuel wäert weider erofgoen: bis d’Joer 2035 sollen nach eng 104 Geeschtlech gezielt ginn. Aktuell bezilt de Staat d’Pensioune vun 110 Geeschtlechen.
Wann d’Paie vun de Leit, déi fir d’kathoulesch Kierch schaffen, de Staat 2015 nach 22 Millioune kascht hunn, waren dat zejoert nach ronn 20 Milliounen - am Joer 2035 ass dee Montant dann nach 7 Millioune plafonéiert. Dës Chiffere liwwert de Premierminister als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.