
Géint 5 Auer um Samschdeg de Moien hunn d’Beamte vun der Police e Won zu Esch ugehalen a kontrolléiert. Wéi sech erausgestallt hat, hat den Automobilist ze vill gedronk. De Mann, deen e Permis aus Frankräich hat, krut e Fuerverbuet fir Lëtzebuerg an eng Plainte gouf gemaach.
Eng Stonn méi spéit hu Poliziste gemellt kritt, datt bei Nidderaanwen e Won accidentéiert war. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si um Waldhaff de beschiedegte Auto fonnt, ma de Chauffer hat sech zu Fouss duerch d’Bascht gemaach, wéi hien de Policewon gesinn huet. No enger kuerzer Sich konnt hien awer ugetraff ginn. De Mann hat awer weder e Permis nach eng Carte d’identité bei sech a säin Alkoholtest ass däitlech ze héich ausgefall. Et gouf e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt an den Automobilist wéi och säi Bäifuerer koume fir eng Kontroll an d’Spidol.