TotalschuedNo Accident zu Bieles krut de Chauffer de Fürerschäin ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie fréi géint 4.15 Auer hat en Automobilist zu Bieles an engem Rond-point an der Rue de l'Usine en Accident.

Den Auto gouf dobäi komplett zerstéiert. Beim Chauffer gouf en Alkoholtest gemaach, deen net zu senge Gonschten ausgefall ass. De Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.

Motorrad confisquéiert

Zu Nidderfeelen war dann e Samschdeg géint 18 Auer e Motocyclist ugehalen a kontrolléiert ginn. Et sollt sech erausstellen, dass dëse kee valabele Fürerschäin vun der Kategorie A hat, fir säi Gefier dierfen ze beweegen. De Mann gouf protokolléiert an d’Motorrad gouf virleefeg confisquéiert.

Back to Top
CIM LOGO