A13 no Accident nees opNo enger Kollisioun huet sech en Auto iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
Géint 14.45 Auer en Donneschdeg de Mëtteg hu sech op der A13 tëscht Keel a Schëffleng zwee Autoen ze pake kritt.
© Domingos Oliveira / RTL

Ee vun hinnen huet sech doropshin iwwerschloen a koum um Dach un d’Stoen. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert.

D’A13 war wärend de Rettung- a Botzaarbechten a béide Richtunge gespaart. Et hat esouwuel op der Säit vum Accident, ewéi och op der Géigesäit gestaut.

Back to Top
CIM LOGO