
D’Diskussioune koumen awer op een Enn, wéi de Collège médicale an d’Santé negativ Avise fir eng Apdikt zu Furen ginn haten. Am Ëmkrees géingen net genuch Leit wunnen, fir zwou Apdikten ze rechtfäerdegen. Ma rezent huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez awer hiren Accord fir eng Konzessioun ginn. An do hat d’Gemeng Bettenduerf hir Fanger am Spill.
Viru knapp annerhallwem Joer waren d’Fronten tëscht der Gemeng Tandel an dem Gesondheetsministère nach verhäert. Méi genee tëscht dem deemolege Buergermeeschter Aly Kaes an der deemoleger Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Ma mëttlerweil si béid Posten nei besat an an der Märei zu Baastenduerf huet ee sech nei Gedanke gemaach. D’Nopere vu Bettenduerf hätten nämlech eng Konzessioun fir eng Apdikt ze gutt. Dowéinst géing sech eng Zesummenaarbecht ubidden, esou déi Tandeler Buergermeeschtesch Carole Gils.
“Mat der Gemeng Bettenduerf hu mer zesumme wëlles, ee Syndicat ze grënnen, wou mer verschidde Synergie fir déi zwou Gemenge wäerten an Zukunft maachen. An do hu mer eben natierlech och de Projet vun der Apdikt mat erageholl. An an deem Kader ware mer och bei der Madamm Ministesch an hunn do mat der Gemeng Bettenduerf zesummen nach eng Kéier d’Demande gestallt, fir eng Konzessioun ze kréie fir hei an de Centre médical. An do si mer am Moment op enger gudder Piste.”
D’Gemeng Bettenduerf wier mat op dee Wee gaangen, well do aktuell net geplangt wier, ee Centre médical ze bauen, an een esou vun der scho bestoender Struktur zu Furen profitéiere kéint. Bis elo sinn do schonn dräi Generalisten, een Osteopath, eng Kiné an ee Labo regruppéiert. An Zukunft sollen nach ee weidere Generalist, eng Pédicure an eng Psychomotricienne dobäi kommen. D’Käschte vum Projet belafe sech op ronn 5 Milliounen Euro. Wat de Syndicat mat Bettenduerf ugeet, huet een zu Tandel och scho weider méiglech Pisten am Kapp.
“Mir hunn zesummen de Service forestier, mir hunn an de Gemenge Museksveräiner, Museksschoulen. D’Museksschoule gi lo och schonn zesumme gehalen an dofir wäert dat vläicht eng Piste sinn, wou mer an Zukunft wäerten zesummeschaffen.”
E bëssi iwwerraschend ass d’Grënnung vum Syndicat schonn. Ëmmerhin féiert Bettenduerf aktuell mat Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren Gespréicher iwwert d’Nordstadfusioun. Iwwert déi sollen d’Bierger 2027 an engem Referendum ofstëmmen.