Cyclist liicht verwonntNo Tëschefall zu Duelem de leschten Dënschdeg sicht d'Police no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Den 30. Abrëll géint 11.45 Auer war op der Héicht vun der Strooss "Waasserklapp" zu Duelem e Cyclist liicht verwonnt ginn.

D’Police schwätzt am Zeienopruff vun engem “Virfall”, an deen en eelere wäisse Liwwerwon mat Lëtzebuerger Placken involvéiert war. En hätt och eng Leeder um Daach gehat.

Fir déi genee Ëmstänn vum Virfall, respektiv vum Accident ze klären, soll sech virun allem de Chauffer vum Liwwerwon bei der Police vu Réimech/Munneref mellen, dat um Telefon (+352) 244 77 1000 oder via Email op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO