Ausernanersetzung tëscht SchülerNo Virfall zu Péiteng gouf eng Plainte gemaach, Lycée mécht eng intern Analys

Pierre Weimerskirch
En Dënschdegmëtteg koum et zu Lamadelaine op der Gare zu enger Ausernanersetzung tëscht Schüler aus dem Lycée Mathias Adam.
© Domingos Oliveira

Zanterhier zirkuléiert a verschiddene soziale Medien e Video, deen dës Strofdot weist.

D’Police huet RTL dës Faiten e Mëttwochmoie confirméiert. Et wier een op d’Plaz geruff ginn, well eng 7-8 Persounen unenee gerode wieren, esou e Porte-Parole vun der Police. Wéi ee bis op der Plaz war konnt ee kee méi untreffen, d’Police huet eng Enquête opgemaach. De Spriecher vum Parquet huet RTL um Freideg confirméiert, dass mëttlerweil eng Persoun Plainte gefouert huet.

Lycée mécht eng intern Analys, fir Disziplinarmesuren ze huelen

Den Educatiounsministère wier iwwert den Tëschefall informéiert ginn, dat krut RTL op Nofro schrëftlech matgedeelt. D’Schoul mécht aktuell eng intern Analys vun der Situatioun, fir duerno déi néideg Disziplinarmesurë kënnen ze decidéieren.

Den Educatiounsministère präziséiert: „Dans l’immédiat huet d’Schoul nach emol all d’Schüler op d’Lutte géingt d’Gewalt sensibiliséiert a rappelléiert, datt d’Direktioun, d’Enseignanten an de Sepas bzw. Service éducatif hinne bei Problemer berodend zur Säit stinn.“

Educatiounsministère gesäit keng Unzeeche fir méi Gewalt a Schoulen

Den Ament kéint een net soen, dass d’Gewalt an de Schoulen rezent zougeholl hätt, esou den Educatiounsministère. Am Kader vu Gewalt an de Schoulen hat de Ministère e Mesurëkatalog en Place gesat, fir ënnert anerem preventiv géint all Forme vu Gewalt virzegoen, awer och d’Prise en Charge vun de Schüler no Gewaltdoten ze assuréieren an ze reegelen.

Diffusioun vu gewaltverherrlechende Biller ass verbueden zu Lëtzebuerg

Am Artikel 383 vum Code pénal steet, dass ee gewaltverherrlechend Videoen net diffuséieren dierf. Dat gëllt esouwuel fir d’soziale Medien, wéi och fir d’klassesch Medien.

(L. 16juillet 2011) Le fait soit de fabriquer, de transporter, de diffuser parquelque moyen que ce soit et quel qu’en soit le support un message à caractère violent ou pornographique ou de nature à porter gravement atteinte à la dignité humaine, soit de faire commerce d’un tel message, est puni d’un emprisonnement d’un mois à trois ans et d’une amende de 251 à 50.000 euros lorsque ce message est susceptible d’être vu ou perçu par un mineur.

De Spriecher vum Parquet verweist och op den Artikel 18 vum Gesetz vum 8. Juni 2004 iwwert d’fräi Meenungsäusserung an de Medien. Deemno ass et verbueden Informatiounen ze publizéieren, déi d’Identifikatioun vun engem Mineur erlaben, dee Victime vun enger Strofdot ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO