Aire de Berchem nees fir den Trafic opNodeems e Camion Salzsaier verluer hat, war de CGDIS op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Aire de Berchem war en Donneschdegmoien an Direktioun Stad fir den Trafic gespaart.

De CGDIS gouf um 4 Auer alertéiert, well e Camion op engem Parking Salzsaier verluer hat. Dës Substanz ass schiedlech fir d’Gesondheet, wann een domadder a Kontakt kënnt. Dowéinst gouf eng spezialiséiert Ekipp mat engem extrae Sécherheetsequipement vum CGDIS op d’Plaz geschéckt an e Sécherheetsperimeter gezunn.

Tëschefall mat Salzsaier op der Aire de Berchem / Reportage Diana Hoffmann

Déi éischt Rettungsequippen op der Plaz hätten du festgestallt, dass si d’Fuite net kéinte flécken, erkläert d’Chef de Compagnie vum Asaz, d’Annick Baustert. Doropshin ass decidéiert ginn, dee ganze Flëssegkeet-Tank vum Camion an en aneren Tank ëmzepompelen.

D’CGDIS-Mataarbechter a spezielle Chemikalie-Schutzkostümer, deels mat Sauerstofffläschen um Réck ware stonnelaang domat beschäftegt, d’Leck ze stoppen, an d’Salzsaier opzefänken. Ma och d’Flëssegkeet, déi ausgetratt ass an op de Buedem gelaf ass, huet mussen opgefaange ginn. Mat Bindemëttel a Waasser gëtt dës gebonnen an an extra Behälter oftransportéiert.

Zu kengem Ament hätt eng Gefor fir d’Leit bestanen, betount d’Chef de Compagnie. Direkt vun Ufank vum Asaz u wier e Schutzperimeter ageriicht ginn.

D’Annick Baustert vum CGDIS am Interview mam Diana Hoffmann

© x.com / @CGDISLux

Eng 70 Pompjeeën aus verschiddenen Zentre wéi Réiser, Beetebuerg, der Stad an e Spezialgrupp waren a sinn aktuell nach am Asaz. Fir de CGDIS en net alldeeglechen Asaz, “mee mir schaffen am Alldag drun, dass mer sou vill wéi méiglech Formatioune maachen, dass mer genau dee Moment, wou dann en Asaz kënnt, drop preparéiert sinn”, sou d’Annick Baustert.

Géint 10.30 Auer war d’Aire de Berchem an Direktioun Stad nees fir den Trafic op.

Tëschefall mat Salzsaier op der Aire de Berchem
De CGDIS gouf um 4 Auer en Donneschdeg de Moien alertéiert, well e Camion op engem Parking Salzsaier verluer hat.

Back to Top
CIM LOGO