4 Blesséierter no BrandNom Feier vun e Samschdeg, huet et e Sonndeg nees bei der Kronospan gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg géint 14.40 Auer huet et bei Kronospan gebrannt. D'Feier ass séier op aner Installatiounen iwwergaang. Um Sonndeg gouf nees e Brand gemellt.

Um 18 Auer e Samschdeg den Owend war d’Feier ënner Kontroll, ma et blouwen Ekippen vun de Pompjeeën op der Plaz, fir ze kontrolléieren, ob wierklech alles aus ass an net nees ugeet, notamment op méi héije Plazen.

An grad sou gutt, well e Sonndeg de Moien géint 5 Auer schéngt et nees an engem Filter gebrannt ze hunn. Dat mellt de CGDIS. Am ganzen waren 80 Pompjeeën aus 7 verschiddenen Zenteren am Asaz.

4 Leit vu Kronospan goufen e Samschdeg liicht blesséiert. 2 dovunner goufe sur Place traitéiert. Déi aner 2 goufen an d’Spidol bruecht.

Den 112 mellt en Incident am Tunnel Grouft op der A7. Géint hallwer 3 de Mëtteg huet do en Auto gebrannt. Et blouf awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO