RIPNom Gaston Vogel stierft den Affekot Jim Penning am Alter vun 82 Joer

Roy Grotz
Eng zweete Kéier bannent Deeg verléiert de Barreau ee vu senge ganz bekanntste Memberen.

De gebiertege Stater Jim Penning war zanter iwwer 60 Joer Affekot, spezialiséiert op Droit Civil a Geschäftsrecht an huet säi Cabinet no sengen Etüden zu Paräis 1966 gegrënnt.

De Maître Jim Penning war awer wäit méi wéi “nëmme” Jurist, mee ënnert anerem passionéierte Museker a genee wéi de Gaston Vogel en Amateur vun de Leit, der Konscht an der Kultur aus dem asiatesche Raum.

Iwwer 15 Joer laang war de Jim Penning - deen och Hindi geschwat huet - indesche Generalkonsul fir de Grand-Duché an och Grënner vun der indescher Chambre de Commerce hei am Land.

De Museksamateur a Philanthrop war och Matbegrënner vum Blues and Jazz Club, mat Siège am Sang a Klang am Pafendall, war laang Joren am Conseil vum Festival d’Echternach grad wéi Member am Verwaltungsrot vun Handicap International.

De Jim Penning war och e grousse Frënd vum Franz Liszt. E war an der Liszt Society, huet Konferenzen iwwert e ginn a wollt esouguer an der Stad eng Liszt-Statu opriichte loossen, well deen am Stater Casino säi leschte Concert ginn hat ...

Back to Top
CIM LOGO