Kongress déi Gréng"Nom Green Deal fuerdere mir de soziale Green Deal!"

RTL Lëtzebuerg
No hirer grousser Defaite bei de Chamberwale weisen déi Gréng sech kämpferesch fir d'Europawalen.
Kongress déi Gréng
No hirer grousser Defaite bei de Chamberwale weisen déi Gréng sech kämpferesch fir d’Europawalen.

Et wier ee konfrontéiert mat enger Welt déi brennt, sot d’Co-Parteipresidentin Djuna Bernard virun de ronn 150 Memberen, déi um Samschdeg de Moien zu Mutfert zesummekomm waren. Eng Welt, déi brenne géif, net just mat Bléck op d’Klima, mee och mat Bléck op de Multilateralismus an op de Fridden. Spréch de russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain, déi déi europäesch Sécherheet a Fro stellt. Spréch de Krich an der Gazasträif.

“D’EU muss d’Brandmauer vum Rechtsstaat a vun der Fräiheet sinn”, esou d’Djuna Bernard an hirer politescher Ried mam Co-Parteipresident Meris Sehovic. Et bräicht een eng staark gemeinsam europäesch Stëmm.

Lëtzebuerg kéint och an der internationaler Politik eng Roll spillen. An der EU kéim et net op d’Gréisst vum Land un, mee op d’Gréisst vun den Iddien, enger léisungsorientéierter a vertrauensvoller Aarbecht, huet de Meris Sehovic ënnerstrach. An der grénger Europadeputéierter Tilly Metz hir Aarbecht vun de leschte 5 Joer ervirgehuewen. Ënner anerem d’Grënnung vun enger Enquêtëkommissioun iwwer d’Déierentransporter, d’Schafe vun enger staarker Gesondheetsunioun an d’Stäerkung vum europäesche Schinneverkéier.

“Nom Green Deal fuerdere mir de soziale Green Deal!”

Klima- an Ëmweltpolitik, den Ausbau vun nohaltegen Energien bleiwen och 2024 d’Kärtheme vun déi gréng. Ëmmer méi wichteg wär awer och de soziale Pilier. Déi gréng hätte sech deen net genuch op de Fändel geschriwwen, obwuel dat zu hirer DNA gehéiere géif. “Déi ökologesch Transitioun geet net ouni sozial Gerechtegkeet a sozial Gerechtegkeet geet net ouni ökologesch Transitioun”, huet déi aktuell EU-Deputéiert a Spëtzekandidatin Tilly Metz ënner Applaus ervirgehuewen. “Nom Green Deal fuerdere mir de soziale Green Deal!” Hiert Leitmotiv wär sech fir Fairness a géint all Zort vu Muechtmëssbrauach anzesetzen.

“Alles maachen, fir de Sëtz ze verdeedegen”

“Mir wäerten alles ginn, fir dee Sëtz am Europaparlament ze verdeedegen an eis Aarbecht weiderzeféieren”, huet iwwerdeems de Meris Sehovic verséchert.

D’EU géif esou vill wéi nach ni vu Populisten a Parteie vum rietse Bord ugegraff. Hire Fantasië géifen déi gréng sech resolut entgéintstellen.

Kritiséiert gouf awer och d’EVP an déi aktuell EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen. Vu Fortschrëtt wär net méi vill ze spieren. An der Argarpolitik beispillsweis géing d’Europäesch Vollekspartei d’EU 20 Joer zréck an d’Vergaangenheet geheien.

Mat enger staarker grénger Politik wëllen déi gréng de Wuelstand an Europa an zu Lëtzebuerg op nohalteg Aart a Weis och fir zukünfteg Generatiounen ofsécheren. D’Wirtschaft an der EU duerch Innovatioune wettbewerbsfäeg halen.

“Mir hunn eng kloer Visioun vun engem méi nohaltegem a fairem Europa!”, esou d’Tilly Metz.

Hire Co-Spëtzekandidat Fabricio Costa huet ënnerstrach, fir d’Séil vun Europa wëllen ze kämpfen. De Chamber-Deputéierte François Bausch, d’Djuna Bernard, déi fréier Deputéiert Chantal Gary an de Patrick Hurst, bis viru kuerzem nach President vum Centre pour l’Egalité de Traitement, komplettéieren d’Lëscht, déi de Samschdeg de Moie mat 147 Stëmme vun 149 ugeholl gouf. De Programm fir d’Europawalen den 9. Juni gouf unanime ugeholl.

Back to Top
CIM LOGO