Coronavirus zu LëtzebuergNom laange Weekend: 2 nei Doudesaffer, 577 Fäll vun 2.825 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.081 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.283.132 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO