De Buergermeeschter Mirko Martellini am InterviewNom staarke Reen waren Opraumaarbechten an der Fiels néideg

RTL Lëtzebuerg
D'Spuere vum ville Reen an der Nuecht waren e Freidegmoien däitlech an der Fiels ze gesinn.
© Domingos Oliveira / RTL

Am Zentrum ëm d’Bleech louche Bulli, dee vun der Schierbaach erofkomm ass an deels och Steng an de Stroossen. D’Strooss fir op Chrëschtnech huet och misse gespaart ginn an d’Gemeng ass domadder beschäftegt, ze botzen an opzeraumen. En Donneschdegowend scho waren d’Pompjeeën am Asaz fir eng Rei Kelleren auszepompelen.

De Fielser Buergermeeschter Mirko Martellini huet um RTL-Mikro erkläert, wat passéiert ass:

“Ech sinn um 3.30 Auer vum 112 kontaktéiert gi wéinst Héichwaasser. D’Pompjeeë waren dunn amgaang, verschidde Kelleren auszepompelen. Et huet sech erausgestallt, datt vill Waasser, vill Bulli a Steng aus der Schierbaach erofkomm sinn. An dofir gesäit d’Plaz och esou aus wéi se ausgesäit.”

Wéi vill Haiser a Stéit betraff sinn, konnt de Mirko Martellini um Freidegmoien nach net soen:

“Et ass awer esou, datt e puer Keller voller Bulli a Waasser sinn, déi eng méi wéi déi aner. Et ass zum Gléck kengem eppes geschitt, dat ass dat wichtegst. An elo musse mer mat eisem Service technique kucken, alles esou séier wéi méiglech propper ze kréien.”

Nom ville Reen an der Fiels
Interview iwwer d’Botzaarbechte mam Buergermeeschter Mirko Martellini

Et wier awer kengem eppes geschitt. Meteolux hat eng giel Alerte en Donneschdeg erausginn a gewarnt, et kéint plazeweis a kuerzer Zäit ganz vill Reen erofkommen.

D’Fiels gehéiert zu deenen Uertschaften, déi traditionell mam Héichwaasser geplot sinn, eleng schonn duerch déi geographesch Lag ënnen am Dall. Dem Buergermeeschter no wier een awer zesumme mat der Gemeng Hiefenech a Gespréicher mat Ponts et chaussées an der Waasserverwaltung, fir ze kucken, wat ee maache kéint, fir eventuell ze verhënneren, datt et op de bekannte Plaze weider zu Iwwerschwemmunge kënnt.

E Freideg um 12.40 Auer war am ACL Trafic-Info ze liesen, dass den Cr118 an der Fiels nees gebotzt a geraumt wier, an d’Strooss nees fir den Trafic op wier.

Vill Reen, Stuerm an Donnerwieder och zu Miedernach

Och d’Nopeschduerf zu Miedernach ass vum Onwieder net verschount bliwwen an et koum plazeweis zu liichten Iwwerschwemmungen. Sou zum Beispill um Watschenterhaff, wou ënner anerem de Stall ënner Waasser stoung, wéi eis eng Lieserin schreift.

Back to Top
CIM LOGO