Liewen ouni PabeierenNumm: Davydenko Kristina - Nationalitéit: indéterminée

Monique Kater
D'Kristina Davydenko ass zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess, an huet awer zanter 20 Joer kee Pass.
Liewen ouni Pabeieren
D’Kristina Davydenko ass zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess, an huet awer zanter 20 Joer kee Pass.

Vun Ufank u lieft si hei ouni offiziell Pabeieren, dat heescht ouni Pass an deemno ouni Openthaltsgeneemegung. Wéi kann esou eppes iwwerhaapt sinn, am Grand-Duché? Wéi ass et méiglech, dass eng jonk Fra versicht, eng Lëtzebuerger Carte d’identité ze kréien, d’Konditiounen a priori erfëllt an awer ëmmer nees mat eidelen Hänn heem kënnt?

“Ech hu weder Pass nach Carte d’Identité – ech hu just e Schülerausweis!”

An dat zënter 20 Joer... Dobäi ass d’Kristina vum ukrainesche Gesetz hier, grad ewéi hir Mamm, Ukrainerin. Allerdéngs muss si den ukraineschen Autoritéite genee dat nach beweisen.

Jorelaang versicht d’Kristina elo schonn déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Op déi hätt si, dem Lëtzebuerger Gesetz no, direkt en Usproch... wieren d’Elteren net ënner falscher Identitéit an d’Land komm.

Wéi d’Press sech elo fir d’Saach intresséiert huet, goung et op eemol séier: d’Kristina krut vum Immigratiounsbüro, elo emol fir 1 Joer, e sougenannte Friemepass. Domat ka si reesen, se kann eng Openthaltsgeneemegung froen, an hätt genuch Zäit, fir sech en ukrainesche Pass z’organiséieren, soen d’Lëtzebuerger Autoritéiten. Well ouni dee ka si och kee Lëtzebuerger Pass ufroen.

“Hoffentlech sinn net vill Kanner an deem Fall”

Keng Chance op dat, wat en Teenager cool fënnt: keng Reesen no der Première, kee Führerschäin…soubal eng ID néideg war, war et en Tabu. Mat der Ausnam vum Studenten-Job, wann een dat da cool kann nennen. Mir léieren déi jonk Fra kennen, duerch hir Patronne …zënter zwee Joer schafft d’Kristina als Studentin fir d’Nathalie Schweich an engem Stater Café. Déi géif hir Hand fir d’Studentin an d’Feier leeën a weess, dass d’Kristina andauernd probéiert, hirem Liewen a Wunnen zu Lëtzebuerg e legale Kader ze ginn.

E Gentest am Joer 2017

D’Kristina wier mat Leif a Séil Lëtzebuergerin, e gudde Krack méi wéi si selwer, fënnt d’Chiara Huss, Frëndin zënter 10 Joer. D’Chiara weess, dass d’Kristina schonn zeg mol Dokumenter ageschéckt huet – ouni Resultat.

E Kand dat hei gebuer gëtt, ass natierlech net automatesch Lëtzebuerger. Dass et awer déi ganz Zäit iwwer hei lieft, seng Schoul hei mécht a packt a perfekt Lëtzebuergesch schwätzt, dann zwar physesch existéiert, mee net um Pabeier... Jo, dat gëtt et effektiv, an och bei eis, confirméiert de Maître Frank Wies. Hien ass Spezialist fir Mënscherechter an huet der Kristina Davydenko hiren Dossier elo erëm iwwerholl.

D’Kristina Davydenko huet zum Beispill mat Gentest misse beweisen, dass si effektive der Mamm, där hir Nationalitéit iwwregens gekläert ass, hir Duechter ass. Mee ëmmer nees hätt iergend eppes un Dokumenter gefeelt.

Eng Léisung en Vue ?!

D’Kristina huet bis elo net opginn a versicht et op en Neits - mat Friemepass an Titre de Séjour - bei den ukraineschen Autoritéiten. A mat Hëllef vun hirem Affekot, deen iwwregens bis 2013 Chef war vun Amnesty Interational zu Lëtzebuerg an haut nach Member ass vun der “Commission Consultative des Droits de l’Homme”.

No 20 Joer vläicht eemol an d’Vakanz an zu Lëntgen eng Openthaltsgeneemegung ufroen…an da geet et drëm all déi néideg Demarchen ze maachen, fir d’Ukrainer z’iwwerzeegen, dass si och Ukrainerin ass. A mat deem Pass dierft dann enger Lëtzebuerger Nationalitéit u sech näischt méi am Wee stoen.

Eng jonk Fra ouni Identitéit / Reportage Chris Meisch

Back to Top
CIM LOGO