
Ëmmer méi Kanner an Erwuessener hätten Iwwergewiicht a wieren domat verschiddene gesondheetleche Risiken ausgesat: eent vu fënnef Kanner an ee vun dräi Erwuessenen. D’Sozialiste wollte vun der Regierung wëssen, wéi eng Léisungspiste si gesäit an ënnert anerem d’Zockersteier an d’Gespréich bruecht, esou den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.
“Eis geet et net drëms, elo hei dee franséischen oder brittesche Modell 1:1 ze iwwerhuelen, well do gëtt et verschidde Modeller. Mä et ass mengen ech eng Iwwerleeung wäert. Et soll een déi Iwwerleeung féieren, déi Diskussioun féieren, d’Opportunitéit préiwen, ob generell eng Besteierung vun ongesonde Produkter Sënn mécht. Wéi gesot Zocker, Salz an eebe kënnen och deementspriechend Fetter an natierlech och dat an Zesummenhang mam Finanzminister préiwen. An dorop sinn ech och op déi Motioun, an der Motioun agaangen, déi ech virdrun deposéiert hunn.”
Dës Motioun krut awer keng Majoritéit an der Chamber. De CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet d’Bedenke vu senger Partei erkläert.
“Et ass wichteg, d’Wierkung an och d’Konsequenze vun esou enger Steier gutt ofzeschätzen a sech kengen Optiounen ze verschléissen. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, mat wéineg Veraarbechtungsindustrie, hu mir wéineg Marge de manoeuvre. Mir erreechen d’Industrie net a wa mir beim Produkt usetzen, ginn d’Liewensmëttel méi deier an de Konsument riskéiert, seng Liewensmëttel am noen Ausland ze besuergen oder awer op bëlleg Liewensmëttel zouzegräifen. Dänemark huet aus dësem Grond d’Steieren ofgeschaaft. Mir fannen et aus deem Grond als CSV wichteg, hei op europäeschem Plang unzesetzen, fir Erfolleg ze hunn.”
D’Chamber huet iwwerdeems eestëmmeg eng Resolutioun vum DP-Deputéierte Gusty Graas ugeholl, an där den Oflaf vun de Walen d’lescht Woch a Russland condamnéiert gëtt.