Kollektivcongé um BauOch a schwéieren Zäiten en Outil mat méi Virdeeler wéi Nodeeler

Monica Camposeo
Wéi zäitgeméiss ass de Kollektivcongé, an enger Zäit, an där vu Krisen am Bausecteur geschwat gëtt? Där Fro ass d'Monica Camposeo nogaangen.
Kollektivcongé um Bau
Wéi zäitgeméiss ass de Kollektivcongé, an enger Zäit, an där vu Krisen am Bausecteur geschwat gëtt? Där Fro ass d’Monica Camposeo nogaangen.

Kollektivcongé um Bau / Reportage: Monica Camposeo

E Freideg fänkt um Bau de Kollektivcongé un. Nach bis den 18. August bleiwen d’Chantieren zou. Bei den Installateuren a Chauffagisten ass déi gewinnte Summerpaus e wéineg méi spéit an dauert och 3 Wochen. D’Situatioun am Bausecteur wier effektiv den Ament ugespaant, esou den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. Ma Chantiersgeräischer wäert een elo awer trotzdeem eng Zäit laang net héieren.

Zanter 1975, also scho bal 50 Joer laang, gehéiert déi reglementéiert Summerpaus zum Bausecteur dobäi. An dës Paus hätt och a schwéieren Zäite méi Virdeeler ewéi Nodeeler, heescht et vun der Beruffskummer. Patronen a Mataarbechter hunn d’Méiglechkeet, sech ze erblosen, ouni ze fäerten, eppes ze verpassen.

Fir dréngend Chantieren, am Stroossebau oder och nach an de Schoulen, ginn et Ausnamen, dann dierf och weider geschafft ginn. Am Ganze krut d’ITM 149 Demandë fir esou eng Derogatioun. Déi goufen awer net all accordéiert, esou de Marco Boly, Direkter vun der Aarbechtsinspektioun. 118 Demandë goufe vun der Kommissioun zeréckbehalen, well se eligibel sinn, fir weider ze schaffen.

Der ITM no betrëfft dat eng 415 Salariéeë vun am Ganze ronn 42.000 Leit, déi am Bau täteg sinn. Dass sech d’Betriber och un de Kollektivcongé halen, dat kontrolléiert d’ITM. Den Direkter Marco Boly präziséiert, dass dat wichteg ass, fir de Secteur ze schützen. Déi Betriber, déi zoumaachen, wiere soss penaliséiert, wann anerer ouni Derogatioun einfach trotz Kollektivcongé weider schaffen.

De Fokus elo, wier d’Virbereedung op d’Rentrée

Am wichtegste wier et, d’Salariéen an de Betriber ze halen. De Kader, duerch déi nei Mesurë vun der Regierung, fir de Bausecteur nees unzekuerbelen, wier do, esou den Tom Wirion vun der Beruffskummer.

Am Fall vun enger Penurie un Aarbecht kéint gekuckt ginn, ob déi ëffentlech Acteuren net méi Projete kéinten ausschreiwen, fir d’Leit an der Aarbecht ze halen.

Eng Enquête bei de Membere vun der Chambre des Métiers géing aktuell liicht an eng positiv Richtung weisen, esou dréckt et den Tom Wirion ganz virsiichteg aus. Do hofft een nom Kollektivcongé unzeknäppen an dat Gefill dann och ze confirméieren.

Back to Top
CIM LOGO