
Dëst Joer hate se esouguer 15 Minutte méi Zäit fir ze léieren, ewéi an de Jore virdrun. D’Examen hunn nämlech anescht wéi an der Zäit réischt um 8.15 Auer ugefaangen. Ma um 7.45 Auer stoungen déi meescht awer scho virun den Diere vun der Turnhal, wou d’Exame geschriwwe ginn.
De Sall gouf am Virfeld speziell fir d’Exame preparéiert, wéi den Direkter vum Lycée Marcel Kramer erklärt.
D’Schüler waren ënnerschiddlech nervös respektiv optimistesch.
“D’Nervositéit klëmmt. Also et ass fir d’Zweet, dat heescht am zweeten Tour klëmmt se nach méi, den Drock ass nach erhéicht. Et ass een awer besser virbereet, et huet ee schonn alles gesinn, et ass eppes hänke bliwwe vum leschte Joer. Dat heescht, et wäert scho klappen.”
“Als Redoublant ass iergendwéi méi Stress do wéi d’lescht Joer. Et ass méi Drock, fir et einfach dëst Joer ze packen an dowéinst ass d’Nervositéit vill vill méi héich wéi d’lescht Joer.”
“Ech strale mat Confiance.”
“Ech sinn am Fong frou, datt et lo ugeet, dann ass et och séier fäerdeg. Et ass jo den Ufank vum Enn. Et wäert scho klappen.”
Bei der Fro, ob et dann ee Fach gëtt, dat hinne besonnesch läit oder virun deem se besonnesch Angscht hunn, sinn d’Äntwerte ganz ënnerschiddlech. Ee Schüler vun enger Première G mengt, datt Soziologie ëm net esou läit, bëssi blöd, wann dat dann och nach d’Haaptfach ass. En hätt gären och een Examen an der Konschtgeschicht geschriwwen, ma well en an engem anere Fach eng Datz huet, probéiert en dat am Examen, dee jo bekanntlech zwee Drëttel vun der Schluss-Nott ausmécht, ze änneren.
Wat d’Pläng fir nom Lycée ugeet, sou sinn déi nach net bei jidderengem ganz konkret.
“Do hunn ech nach net wierklech ee Plang. Ech weess nach net, ob ech op d’Uni ginn oder net. Dat steet nach an de Stäre geschriwwen.”
“Wann alles gutt leeft, dann op Baaschtnech, fir Lehramt studéieren ze goen.”
“Ech wollt mol Stagë maachen an da kucken, wéi ech weiderginn. Mä iergendwou och eppes studéiere goen, dat ass sécher.”
“Studéiere goen an d’Ausland a Mol kucken, wat d’Liewe mer bréngt. An d’Richtung Medezin, Bio géing ech scho gären eppes maachen.”
“Nom Exame gëtt mol déck gefeiert, ob et gutt geet oder net. Da gëtt d’Festplatt mol op Null gesat. Awer am September soll et op Innsbruck op d’Uni goen.”
Anescht wéi an der Zäit ass d’Nott mëttlerweil fir vill Universitéiten ee wichtege Krittär, well ëmmer méi dacks een Numerus clausus gëllt. Deels muss een och ee speziellen Opnamexame schreiwen. Ma elo sti Mol fir d’éischt d’Ofschlossexamen um Programm.