Nei Offer vun nächster Schoulrentrée unOch am Süde vum Land gëtt Educateursformatioun ugebueden

Fanny Kinsch
Fir genee ze sinn zu Esch-Belval. Dat huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg de Moien annoncéiert.
© RTL

Bis ewell war dat zu Miersch (LTPES) an an der Stad (Enad) méiglech. Vu September 2024 u bitt de Lycée Bel-Val zwou Deuxièmesklasse fir eng 50 Schüler un. “Vu dass mer schonn eng ganz Rei Klassen an deem Beräich hunn, hu mer scho relativ vill Personal, mussen awer trotzdeem e bësse rekrutéieren, elo fir September dëst Joer”, esou d’Direktesch vum Lycée, d’Astrid Schuller.

D’Educateursschoul LTPES zu Miersch soll dann och kuerz- bis mëttelfristeg méi Schüler kënnen ophuelen. D’Direktesch Claudine Muller begréisst dat. D’Educatricen an d’Educateure géingen um Terrain gebraucht ginn. Den Här Minister huet elo ugedeit, datt et warscheinlech géif an déi Richtung goen, datt eist Gebai géif ausgebaut ginn, wat eis natierlech géif gefalen, well mer dann alles ënnert engem Daach hunn.”

Och d’ENAD, d’Ecole Nationale pour adultes, wäert vun nächster Rentrée un eng Educateursformatioun zu Esch-Belval ubidden a kritt do och en eegent Gebai. Et wieren 3 Deuxièmesklasse geplangt, sou d’Direktesch Melanie Noesen. “Dat erlaabt eis dann och der Demande, déi duerchaus staark war an och ass, och an dësem Joer, där no ze kommen an och eis Klassen an deem Sënn opzestocken.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dann nach annoncéiert, datt vun der Rentrée 2025/26 un Educateursformatioune ganz op Franséisch vun der Enad an dem Lycée Bel-Val sollen ugebuede ginn.

“Wa mer soen, et gëtt nëmmen déi däitschsproocheg Educateursformatioun, da feelt eis natierlech herno en Deel vun deene Jonken. Dat heescht déi wëlle mer net méi weider ausschléissen a mir brauchen och herno an deene jeeweilege Beruffer Jonker, déi Francophone sinn, déi natierlech awer och aner Sprooche wäerte geléiert hunn oder wäerte léieren, fir zu Lëtzebuerg eng Employabilitéit och an deene verschiddene Secteure kënnen ze assuréieren. Och där Klasse wäerten opgoen, net bei der Rentrée 24, mee bei der Rentrée 25, an dat souwuel an der Initialausbildung wéi och beruffsbegleedent bei der ENAD.”

Aktuell sinn d’Coursen an der Educateursformatioun deels op Däitsch an deels op Franséisch. Mam Ausbau vun der Offer versprécht sech de Claude Meisch 50 Prozent méi Educatricen an Educateure bannent 5 Joer.

Back to Top
CIM LOGO