Virun der KrematiounOch de Parquet fuerdert eng zweet Läicheschau

RTL Lëtzebuerg
Bis elo gëtt d'Läicheschau normalerweis net vun engem Expert, also engem Geriichtsmedezinner, mee vun engem Dokter duerchgefouert.
Och de Parquet fuerdert eng zweet Läicheschau
Bis elo gëtt d’Läicheschau normalerweis net vun engem Expert, also engem Geriichtsmedezinner, mee vun engem Dokter duerchgefouert.

Dëse fëllt och den Doudeschäin aus, opgrond vun deem eng Autopsie gemaach gëtt oder eben net. D’Erfarung an och däitsch Etüden hätte gewisen, datt d’Doudeschäiner dacks falsch ausgefëllt géifen, erkläert den Thorsten Schwark, Chef vum Departement fir Rechtsmedezin am LNS. Ausserdeem wär de Lëtzebuerger Doudeschäi komplizéiert formuléiert. Dat confirméiert de Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg. De Georges Oswald plaidéiert fir eng besser Formulatioun. An datt d’Dokteren a Generalisten eng systematesch Formatioun fir d’Läicheschau kréien.

“Mir haten effektiv an der Vergaangenheet, och an der rezenter Vergaangenheet Fäll, wou dann eng mort naturelle am Doudeschäin ugekräizt gëtt. Wou dann awer, deemno wéi d’Gespréicher sech entwéckelen, wéi d’Evenementer sech den Dag selwer vum Opfanne vun der Läich sech entwéckelt, dass een do awer feststellt: oh do ass awer iergendeppes komesch”, erkläert de Procureur Oswald.

Opfällegkeeten an 3-4% vun de Fäll

Dee Verdacht kann awer och réischt méi spéit opkommen. Ass d’Läich da verbrannt, sinn d’Spuere fort. An Däitschland ass déi zweet Läicheschau virun der Krematioun obligatoresch. Se gëtt vun engem Geriichtsmedezinner gemaach. Datt et derwäert ass, weist d’Erfarung vum Prof. Dr. Benjamin Ondruschka, Direkter vum Rechtsinstitut vun der Uniklinik Hamburg-Eppendorf:

“Wir untersuchen bei uns im Institut durch mein Team im Raum Norddeutschland 35.000 Leichen als zweite Leichenschau im Jahresmittel. Und haben dort etwa Anhaltequoten von 3-4%. Das heisst also jede 20.-25. Leiche ist auffällig und braucht Nachermittlungen. Entweder ärztlicherseits oder durch die Kriminalpolizei.”

Zu Lëtzebuerg freet net just d’Rechtsmedezin, mee och de Parquet schonn zanter ville Joren no enger zweeter Läicheschau. Et wär och schonn oft a laang doriwwer diskutéiert ginn, seet de Georges Oswald. Gebraucht géif e gesetzleche Kader, deen definéiert, wien d’Läicheschau duerchféiert an no wéi enge Krittäre se gemaach gëtt.

Heifir si Justice- a Santésministèren zoustänneg. Déi nei Gesondheetsministesch Martine Deprez verséchert hiert ze maachen, fir datt den Dossier virugeet. D’Infrastruktur fir déi zweet Läicheschau soll an de Crematoire op Hamm kommen.

Back to Top
CIM LOGO