EurosatoryOch Lëtzebuerg ass op grousser Militär- a Waffefoire vertrueden

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vum zoustännege Ministère heescht, hätt d'Lëtzebuerger Defense och e Stand zu Paräis.
© Photo by JULIEN DE ROSA / AFP

D’Eurosatory ass eng vun déi gréisste Foirë fir Militärequipement a Waffen. Si ass all zwee Joer zu Villepinte am Norde vu Paräis a gëtt an Zesummenaarbecht mat dem franséische Verdeedegungsministère organiséiert.

Dëst Joer hu sech eng 1.800 Exposanten ugemellt an och de Grand-Duché ass op der Plaz vertrueden. Dat, esou heescht et vum zoustännege Ministère, mat engem Pavillon, dee vu Luxinnovatioun zesumme mat der Verdeedegungsdirektioun organiséiert gëtt.

Op der Plaz sinn eeben och Vertrieder vun der Verdeedegungsdirektioun, déi ënner anerem Gespréicher mat hire franséischen Homologen a mat Entreprisen, déi fir d’Lëtzebuerger Defense kéinten interessant sinn, féieren. Dës Gespréicher ginn awer och genotzt, fir Lëtzebuerger Entreprisen um internationalen Niveau ze promouvéieren.

Datt d’Verdeedegungsministesch awer selwer bis an den Norde vu Paräis wäert kommen, fir Gespréicher ze féieren, oder datt hei nei Kontrakter sollen ënnerschriwwe ginn, ass net geplangt, esou den zoustännege Ministère.

D’Arméi huet bis ewell en Arrangement technique mat de Vertrieder vun der franséischer Arméi ënnerschriwwen. Ob dann am Géigenzuch Lëtzebuerger Firme Kontrakter ofgeschloss hunn, kann een zu dësem Zäitpunkt net soen.

16 Lëtzebuerger Entreprise sinn op der Eurosatory, déi vum 17. bis den 21. Juni geet, vertrueden.

LINK: Hei fannt Dir d’Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO