Ma du koum de 24. Februar, Russland huet d’ganz Ukrain ugegraff, Millioune Mënsche si geflücht oder waren op Hëllef ugewisen. D’humanitär Aktivitéiten an der Ukrain hu sech méi wéi verduebelt, grad wéi d’Zuel vu Flüchtlingen, déi hei am Land a Strukturen ënnerkoumen. 10 nei Strukture sinn opgaangen. Allgemeng stelle sech beim Accueil vun de Flüchtlingen nach ëmmer Problemer: d’Leit kommen net méi aus de Strukturen eraus an d’Weeër heihi gi méi laang a schwéier.

Nadine Conrardy - Direktesch sozial Aktiounen a Gesondheet: “Eis wär et wichteg, dass méiglechst séier gekuckt gëtt, ob d’Leit dann effektiv e Recht hu, fir hei ze bleiwen an dann eeben och sech sou séier wéi méiglech integréiere kënnen oder wann dat net de Fall ass, ginn et vläicht och och Alternativen. Ech mengen och grad hei zu Lëtzebuerg mä an Europa am Allgemengen gi jo och Leit, et gëtt Mains d’oeuvre gebraucht, déi Leit déi schaffen, si gi gebraucht, Datt et och flott wär et vläicht nach Ouverturen hätt fir Leit, déi heihinner kommen, reguläre Migratioun op Lëtzebuerg an Europa kéinte maachen.”
De russesche Krich an der Ukrain huet awer duerch d’wirtschaftlech Konsequenzen och en Impakt op d’Lëtzebuerger Stéit – d’Zuel vu Leit, déi op Epicerie sociale, Vestiaire oder finanziell Ënnerstëtzung ugewise sinn ass geklommen.
Nadine Conrardy:“Mir mierke schonn, datt zum Beispill ganz vill Leit derbäi sinn, déi eleng wunnen, eleng sinn,... an dann natierlech wéi och scho méi laang ass, Familles monoparental si relativ staark vertrueden, och bei deene Leit.”
Dem Roude Kräiz mécht et och Suergen, datt d’Loyerspräisser aktuell nach weider klammen an den Drock op d’Stéit weider wiisst. Déi strukturell Krise suergen och fir méi Krise bannent de Famillen, besonnesch Jonker sinn ëmmer méi op psychologesch Hëllef ugewisen.
Mireille Neuen - Direktesch Kanner- a Familljenhëllef: “Aktuell ass et esou, dass mer eis vill Suerge maachen, notamment ëm de schoulesche Wee, dass net all Jonken, deen hei um schoulesche Wee matkënnt ... dann heescht et alternativ Weeër fannen an dann ass et sou, dass d’Motivatioun no der Pandemie immens erofgaangen ass, fir erëm d’Relance ze huelen a sech do hannendrun ze setzen an dann hu se e bëssen dat Gefill, dass se ënnerwee verluer sinn.”
Op d’Joer 2022 zréckgekuckt konnt d’Croix-Rouge sech awer och iwwert eppes freeën – d’Solidaritéit mat den Affer vum russesche Krich an der Ukrain war grouss an et konnt eng Rekordzuel u Spende gesammelt ginn.