KrätzOch zu Lëtzebuerg ëmmer nees Fäll

RTL Lëtzebuerg
Verursaacht duerch e Mangel un Hygiène, mee haut quasi ausgerott. Zwee Prejugéen iwwer déi ustiechend Hautkrankheet, déi hiren Numm der Krätzmilb verdankt.
Symbolbild
Symbolbild
© Anna Marguerita / Hans Lucas via AFP

Engem Parasit, dee sech an d’Haut agrueft an do Tunnellen zitt an Eeër leet.

Krätz: Och zu Lëtzebuerg ëmmer nees Fäll / Reportage Raphaëlle Dickes

Dacks verginn e puer Woche bis d’Immunsystem reagéiert an d’Hautreizungen entstinn an d’Krankheet erkannt gëtt. Genuch Zäit also fir d’Krätzmilben, fir vun engem Wiert op deen aneren iwwerzegoen. Dat geschitt an der Reegel duerch Hautkontakt. Besonnesch ufälleg si Mënsche mat engem schwaachen Immunsystem. Eeler Leit beispillsweis.

Am Altersheem zu Boufer haten d’Krätzmilben Ufank Abrëll zougeschloen. An engem Grupp, wou Leit mat kognitive Problemer méi enk betreit ginn, erkläert d’Presse-Spriecherin op RTL Nofro. Beim éischte Fall wär den Dokter vun engem Ekzeema ausgaangen. D’Krankheet huet sech verbreet. 10 Residenten a 7 Salariéë ware vun de Parasitte befall. Déi néideg Mesurë wäre geholl ginn, d’Leit goufen traitéiert. Dee leschte Fall géif op de 25. Abrëll zréckgoen. E weidere Verdachtsfall den 9. Mee hätt sech als Feelalarm erwisen.

Och um Diddelenger Site vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch gouf et viru kuerzem e Fall vu Krätz. Ee Patient wär betraff gewiescht, krute mer op Nofro confirméiert.

Krätz net meldeflichteg

Wéi verbreet d’Krankheet ass, weess keen esou genau. De Krätz muss nämlech net gemellt ginn. E wär net geféierlech a kéim och net ganz dacks vir, erkläert d’Dr Anne Vergison. De Krätz wär net duerch Hygiènemangel bedéngt, ënnersträicht d’Cheffin vun der Inspection Sanitaire. D’Krankheet géif sech duerch Hautkontakt verbreeden, do wou vill Mënsche beienee wären. Deemno wär et net esou aussergewéinlech, datt et alt mol a Kollektivitéite, wéi Altersheemer oder Schoulen zu Fäll kéim. Plazen, wou eng Betreiung néideg ass an et dacks zu Hautkontakt kënnt. Eng Etüd a Frankräich hätt gewisen, datt 5-10% vun den Awunner vun Altersheemer dem Risiko, fir Krätz ze kréien, ausgesat wieren. A Frankräich gëtt de Krätz, d’maladie de gale, am Gesondheets- a Fleegeberäich als Beruffskrankheet consideréiert.

Symptomer Diagnos an Traitement

Aussergewéinlech ass et net, datt de Krätz ugangs mat Ekzeema verwiesselt gëtt. Hei sinn déi éischt Symptomer och dacks Bass an Hautreizungen. Bei Krätz géif sech de Bass am Ufank virop an der Nuecht bemierkbar maachen, seet d’Dr Vergison. Éischt Plazen un der Haut kéimen dacks un den Hänn, tëscht de Fangeren oder um Handgelenk, heiansdo géif een och reng gro Linnen ënnert der Haut gesinn.

D’Behandlung mat enger Crème wär effikass, erkläert d’Doktesch vun der Inspection sanitaire. Se muss allerdéngs um ganze Kierper gläichméisseg opgedroe ginn. Fir Persounen, déi eleng sinn, wier dat net esou evident. An engem Altersheem, wou d’Fleegepersonal dat iwwerhuele kéint, wär den Traitement méi einfach. Am Fall vun enger Epidemie kann den Dokter och Pëlle verschreiwen.

Kleeder, Bettwäsch a soss Textilien, déi am Kontakt mat der Haut sinn, musse ganz waarm gewäsch, desinfizéiert oder verpaakt ginn, fir d’Krätzmilben ze liquidéieren. Ouni Hautkontakt iwwerliewe se net méi wéi 3 Deeg. Detailer iwwer den Traitement fënnt een an de Recommandatioune vun der Santé.

D’Krätzmilb u sech ass net geféierlech

D’allergesch Reaktioun, also de Bass an d’Hautirratiounen, kënnen nach e puer Wochen daueren, nodeem de Parasit schonn eliminéiert ass. An deem Fall kéinten Traitementer géint d’Allergie hëllefen, erkläert d’Dr Vergison.

De Parasit u sech ass net geféierlech. An Entwécklungslänner allerdéngs kënnen déi onbehandelt Wonnen, déi duerch d’Krazen an d’Reizungen entstinn, heiansdo zu ganz schwéieren, deels och déidlechen Infektioune féieren.

© SEBASTIAN KAULITZKI / SCIENCE PHOT / SKXScience Photo Library via AFP

Back to Top
CIM LOGO