Um KierchbiergOffiziell Feierlechkeete ronderëm den Europadag a Presenz vum Grand-Duc

RTL Lëtzebuerg
Bei där Geleeënheet gouf och den 20. Anniversaire vun der EU-Osterweiderung gefeiert.

Um Kierchbierg waren en Donneschdeg déi offiziell Feierlechkeete ronderëm den Europadag zu Lëtzebuerg. De Grand-Duc Henri grad wéi och de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident, den Nicolas Schmit, hunn un der Zeremonie deelgeholl. Bei där Geleeënheet gouf och den 20. Anniversaire vun der EU-Osterweiderung gefeiert. 2004 waren op ee Coup 10 nei Memberstaate bäikomm. Et wier richteg gewiescht, fir deemools esou vill Länner beieneen opzehuelen, seet d’Anne Calteux, d’Vertriederin vun der europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, och wann dat net ouni Risiko war.

Um Europadag presentéiere sech déi verschidden EU-Institutiounen, d’Ambassadë vun de Memberlänner an och déi eenzel europäesch Programmer, wéi Erasmus Plus oder Interreg gi virgestallt. Ganz nei am Bâtiment Konrad Adenauer um Kierchbierg ass d’Expo Europa Experience. De Grand-Duc Henri krut déi permanent Ausstellung um Europadag souzesoen an Avant-première presentéiert. D’Expo ass interaktiv a weist wéi Europa funktionéiert. Vum nächste Méinden un ass se fir de Public op.

Eng 50 pro-palästinensesch Manifestanten hunn dann och virum Europa-Fest manifestéiert. Si fuerderen, datt d’EU sech méi staark fir eng Wafferou a Gaza misst asetzen.

Offiziell Feierlechkeete ronderëm den Europadag a Presenz vum Grand-Duc
Bei där Geleeënheet gouf och den 20. Anniversaire vun der EU-Osterweiderung gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO