
Schëss op enger Prager Uni
Den Donneschdeg huet e 24 Joer ale Student an enger Prager Universitéit ronderëm sech geschoss. 15 Mënsche sollen dobäi ëmkomm sinn a 24 blesséiert. Den Täter gouf vun der Police eliminéiert.
Bestellen an zeréckschécken
An Däitschland gëtt all véierte Pak zeréckgeschéckt, deen am Internet bestallt gouf. Immens ëmweltfrëndlech ass dat net. Ma zu Lëtzebuerg sinn d’Leit do méi vernënfteg. Bei eis gi nëmme fënnef Prozent vun den Onlinebestellungen zeréckgeschéckt. Wou d’Päck zortéiert ginn a wéi dat ausgesäit, kënnt Dir an der neier Episod Top Secret kucken.
Neien Trend mat Konsequenzen
D’Produzente vu Sprëtzen, déi den Zockerspigel am Blutt regulariséieren, kommen net méi no a weltwäit kënnen d’Apdikten den Diabeetes-Patienten hir Medikamenter net ginn an dat alles wéinst engem neien Trend. Dës Sprëtze bremsen nämlech den Appetit a ginn elo vu munche Leit benotzt fir ofzehuelen, obwuel dës net op d’Medikament ugewise sinn.
Multikulti Lëtzebuerg
49,3 Prozent vun de Lëtzebuerger Awunner si keng Lëtzebuerger. Esou d’Resultat vum Recensement vun 2021. Déi portugisesch Communautéit ass ëmmer nach déi gréissten auslännesch zu Lëtzebuerg an dat mat 11,3 Prozent. 13 Prozent vun den Awunner kommen aus eisen Nopeschlänner.
Vulkanausbroch
Nodeems et an Island wochelaang Äerdbiewe gouf, ass lo ee Vulkan an der Géigend vu Grindavik ausgebrach. Aktuell späizt Lava aus engem 3,5 Kilometer laange Spléck aus dem Buedem. D’Stad donieft gouf schonn am November evakuéiert.
Kabes a Kazepiss
Esou hunn d’Leit aus dem Éislek de Geroch beschriwwen, deen um Méindeg iwwert de Norde vum Land gezunn ass. De bäissende Gestank huet nawell fir vill Opreegung gesuergt. En Asaz wéinst Gasgeroch, Buergermeeschter a CGDIS, déi sech net eens sinn, a Biogasanlagen, déi sech getrëppelt fillen. Schlussendlech dann soll d’Doftwollek vu Virton aus der Pabeierfabrick komm sinn.
Lëtzebuerger Kultur an Trauer
Den Direkter vum Groussen Theater Frank Feitler ass um Donneschdeg no kuerzer a schwéierer Krankheet verstuerwen. 2021 krut hien den nationalen Theaterpräis fir säi Liewenswierk.
Keng Wale fir Trump?
Et ass en Urteel mat potentiell enorme Konsequenzen. De fréiere President Donald Trump dierf am US-Bundesstaat Colorado net fir d’Virwalen 2024 untrieden. Den Ausléiser dofir sinn d’Evenementer vum 6. Januar 2021, wou Supporter vum Donald Trump d’Kapitol zu Washington gestiermt haten.
Staatsgaascht viru Geriicht
E 34 Joer ale Mann muss fir zwee Joer an de Prisong. Et geet ëm Menace per Mail, Deele vun antisemitteschem Material a Beamtebeleidegung. Feste Prisong gouf et fir de Mann, well dëse ëmmer negativ opfält an “net ze beléieren ass”, wéi eng Vertriederin vum Parquet viru Geriicht so.